Andorra

Andorra Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fürstentum Andorra (katalounesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matzen an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalounien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).

Principat d'Andorra

Fändel vun Andorra

Wope vun Andorra

Detailer

Detailer
National Devise: Virtus Unita Fortior
Andorra
Offiziell Sprooch: Katalounesch
Haaptstad: Andorra la Vella
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Landeschef: Emmanuel Macron
(Franséische Koprënz)
Joan Enric Vives i Sicília
(Episkopale Koprënz)
 • Regierungschef: Xavier Espot Zamora
Fläch: 468 km²
Bevëlkerung: 85 580
 • Bevëlkerungsdicht: 182,9/km²
Onofhängegkeet: 1278
Nationalfeierdag: 8. September
Nationalhymn: El Gran Carlemany
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .ad
Internationalen
Telefonsprefix
:
+376
Andorra

Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.

D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. Fréier waren de Grof vu Foix am Norden an de Bëschof vun Urgell am Süden zesumme fir d'Land zoustänneg. Wéi de Kinnek Henri vun Navarra, deen och Grof vu Foix war, als Henri IV Kinnek vu Frankräich gouf, hunn déi franséisch Herrscher, respektiv Presidenten d'Roll vum fréiere Grof vu Foix iwwerholl. Haut sinn deemno de franséische President an de Bëschof vun Urgell allebéid Koprënze vun Andorra. Hir Roll ass allerdéngs éischter representativ a symbolesch.

Geographie

D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zanter 2004 op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwe steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.

Klima

Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimmlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.

Politik

Andorra ass Member vun de Vereenten Natiounen

Administrativ Andeelung

Andorra  Andorra ass a siwe Paren (Parròquies am Sënn vu Gemengen, Regiounen) agedeelt:
  • Andorra la Vella, d'Haaptstad
  • Canillo
  • Encamp
  • Escaldes-Engordany
  • La Massana
  • Ordino
  • Sant Julià de Lòria

Bevëlkerung

Andorra huet 85.580 Awunner (31. Dezember 2015 ), dovu sinn:

  • Katalanen: 29 535 (36,4 %),
  • Spuenier: 27 638 (34 %),
  • Portugisen: 15 789 (15,7 %),
  • Fransousen: 5 104 (6,3 %),
  • Anerer: 6 156 (7,6 %).

All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95 % vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.

Sproochen

Katalounesch gouf an der Constitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3 %) geschwat gëtt. Spuenesch gëtt vun 37,3 % vun de Leit geschwat, 3,5 % hu Portugisesch an 2,2 % Franséisch als Mammesprooch.

Relioun

Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.

Sport

Rullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäerste Sportaarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.

Literatur

  • Meritxell Mateu & François Luchaire, La Principauté d'Andorre hier et aujourd'hui; Paräis (éditions Economica), 1999; 154 S.; ISBN 2-7178-3872-4

Referenzen an Notten

Um Spaweck

Commons: Andorra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Andorra GeographieAndorra BevëlkerungAndorra SportAndorra LiteraturAndorra Um SpaweckAndorra

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

1679KnuedlerLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng PéitengMill MajerusDominique LangCornelia FroboessJean MichDe Wëllefchen an de FiisschenIsraelEric FalcheroFrankräichWhirlpool-GalaxisWaldbëlleger AffärBangladeschKatalouneschMichel LuciusBarack ObamaSteve KayserMousselinescrèmePiper LaurieWaliseschBloLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergFranco Nero1. FC KölnApple Inc.NigeriaTäsch VSGérard ValeriusD'Maus KettiHeeschdrefEuropa (Kontinent)Ivan DesnyDer Schatz vom ToplitzseeSalvador AllendeNessonvauxStenge SchëffPrestige (Schëff)GravitatiounHoratio NelsonJang de BlannenNike (Rakéit)Lëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmPoison (Film 2023)Ed Lauter.muHenri vu Lëtzebuerg50 CentFA Red Boys DéifferdengLonkechAbrëllsgeckLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng IechternachAeroflot Fluch 343Spectrum1876Herbert FuxRené ArendRuslana LyjytschkoWikimediaCetonia aurataDomaine publicRTL ZweeBëschofVereenegt KinnekräichVullen🡆 More