D'Atmosphär vun der Äerd ass d'Loft déi d'Äerd ronderëm ëmschléisst.
Et ass e Gemësch aus verschiddene Gasen, virun allem Stéckstoff a Sauerstoff. Edelgasen an aner Gase komme nëmmen a klenge Quantitéite vir.
D'Atmosphär ass ongeféier 700 km déck an den Iwwergank an de Weltraum (wou guer keng Loft méi ass) ass net abrupt. D'Gasdeelercher gi lues a lues ëmmer méi dënn bis si ganz verschwonne sinn.
Ouni d'Atmosphär wier d'Äerd sou wéi de Mound, et géif kee Waasser gi fir ze drénken a keng Loft fir z'otmen. Ausserdeem schützt si eis virun de Sonnestrahlen a virun Aschléi vu Meteoriten.
D'Atmosphär gëtt, jee no Héicht a jee no Temperatur, an ënnerschiddlech Schichten (Sphären) agedeelt. Déi ënnescht ass d'Troposphär mat de Loftzirkulatiounen déi d'Wieder bestëmmen, déi iewescht, d'Exosphär, ass eng ganz dënn Schicht, déi an de Weltraum iwwergeet.
Ganz ënnen an der Äerdatmosphär ass d'Troposphär, wou d'Temperatur, mat der Héicht ofhëlt. Si geet bis ongeféier 10 km an d'Héicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Troposphär.
An der Stratosphär, bis zu 50 km déck, ass d'Temperatur relativ konstant. Do ass och déi gréist Ozonkonzentratioun op der Grenz mat der Mesosphär.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stratosphär.
Tëscht 50 km a 85 km läit d'Mesosphär, wou d'Temperatur am Ufank an d'Luucht geet an duerno fält.
An der Thermosphär (85 bis 500 km) geet d'Tempetratur mat der Héicht och erop.
Déi iewescht Grenze vun den dräi ënneschte Schichte sinn Tropopaus, d'Stratopaus an d'Mesopaus.
Jee no Dicht an Zesummesetzung vum Gas gëtt tëscht dräi grousse Couchen ënnerscheet:
Commons: D'Atmosphär vun der Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Atmosphär vun der Äerd, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.