An Asien ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen.
Fir Europa huet en den 1. September 1939 ugefaangen, wéi Däitschland Polen ugegraff huet, an doropshi Frankräich a Groussbritannien den 3. September 1939 Däitschland de Krich erkläert huet. En huet fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeem zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten.
01. September bis 6. Oktober 1939: Ugrëff op Polen (Fall Weiss)
17. September: Amarsch vun de russeschen Truppen a Polen.
Mam Polefeldzuch – dat heescht, mam Iwwerfall vu Polen – huet dat vum Nationalsozialismus regéiert Däitschland den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist. De Feldzuch ass den 1. September1939 ouni Krichserklärung mat der Invasioun vu Polen duerch déi däitsch Wehrmacht an slowakesch Truppen ugaangen. En ass de facto de 6. Oktober mat der Kapitulatioun vun de leschte polnesche Feldtruppen zu Enn gaangen. Déi polnesch Regierung ass awer an den Exil gaangen an huet selwer ni kapituléiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Polefeldzuch.
Soss an Europa an am Rescht vun der Welt
03. September: Krichserklärung vu Frankräich a Groussbritannien an domat den Ufank vun der Drôle de Guerre
03. September: Den Torpillage vum Passagéierschëff Athenia bedeit den Ufank vum Séikrich am Atlantik.
10. September: Kanada schléisst sech der franséisch-brittescher Krichserklärung no enger Ofstëmmung am Parlament un.
"Unternehmen Barbarossa", den Ugrëff op d'Sowjetunioun
De Partisanekrich
Nordafrika – De Rommel
D'Italiener hunn an Nordafrika - grad wéi scho virdrun an Europa - schwéier Réckschléi hinhuele missen. No enger feelgeschloener italieenescher Offensiv Enn vum Joer 1940 hunn d'Brite se a Libyen komplett néiergemaach.
Den däitsche Generol Erwin Rommel krut dowéinst am Februar 1941 den Uerder, fir mat schwaache Verbänn, dem Afrikakorps, de staark an Nout gerodene Bëndnispartner bei senger Verdeedegung z'ënnerstëtzen.
1942
Déi däitsch Summeroffensiv a Südrussland: de "Fall Blau"
Stalingrad
Nordafrika – Tobruk an El Alamein
1943
D'Russe schloen zeréck
D'Schluecht ëm Charkow
D'Panzerschluecht bei Kursk "Unternehmen Zitadelle"
Déi alliéiert Landung a Sizilien "Operatioun Husky"
Däitsch Besetzung vun Italien "Fall Achse"
D'Loftugrëffer op Däitschland
1944
Italien
Schluecht ëm Monte Cassino
D'Landung vun den Alliéierte bei Anzio "Operatioun Shingle"
Déi lescht allieéiert Loftugrëffer: Berlin an Dresden
D'Schluecht ëm Berlin
D'Schluecht ëm d'"Seelower Höhen"
De Kessel vun Halbe
De Pazifikkrich
De Pazifikkrich vun 1941 bis 1945 tëscht de keeserleche japaneschen Truppen an den USA huet ugefaangen no dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor op Hawaii de 7. Dezember 1941.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pazifikkrich.
De Bilan
Wat ass dobäi erauskomm?
Afferzuelen
Literatur zum Zweete Weltkrich
Basisliteratur
Militärgeschichtliches Forschungsamt (Erausg.), Das Deutsche Reich und der Zweite Weltkrieg, 1979 -, Deutsche Verlags-Anstalt, Stuttgart. Virgesi sinn 10 Bänn, vun deenen der 7 gedréckt sinn. D'Bänn 4 a 6 sinn och am Täschebuch bei fischer ze kréien.
Weinberg, Gerhard L.: A World at Arms. A global History of World War II Cambridge University Press 1994, ISBN 0-521-44317-2 ("Few historians could have taken on the daunting challenge of attempting a global history of the Second World War; but Gerhard Weinberg succeeds brillantly. It is a masterly study which is unlikely to be surpassed" Ian Kershaw)
Watt, Donald Cameron: How War Came. The immediate origins of the Second Worlds War 1938-1939, London, William Heineman Ltd 1989, ISBN 0-434-84216-8 ("It's an enormously impressive, panoramic book" Paul Kennedy)
D'Ardennenoffensiv 1944-45
Milmeister, Jean: Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg, 1994, Éditions Saint-Paul.
Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg, Imprimerie St. Paul, Lëtzebuerg, 1946.
Peter Taghon, Henri Bernard & Roger Gheysens, La bataille d'Ardenne - L'ultime blitzkrieg d'Hitler; Bréissel (éditions Racine), 1994; 224 S. (Bibliographie, Kaarten a Fotoen, Regëster); ISBN 2-87386-024-3
Toland, John: Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge) Alfred Scherz Verlag, Stuttgard,1960.
MacDonald, Charles B.: The Battle of the Bulge, 1984, Weidenfeld and Nicholson, London.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Zweete Weltkrich, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.