SARS-CoV-2 (Severe Acute Respiratory Syndrome Coronavirus 2, Schwéieren akuten Otemweesyndrom Coronavirus 2) ass e Virus aus der Famill vun de Coronaviren, deen am Januar 2020 an der chineesescher Stad Wuhan (Provënz Hubei) nei identifizéiert gouf.
De SARS-Cov-2, dacks einfach Coronavirus oder Covid-19-Virus genannt, verursaacht eng Krankheet mam Numm COVID-19 (fir Corona virus disease 2019).
Den 11. Mäerz 2020, nodeems d'Krankheet sech vu China aus iwwer all Kontinenter ausgebreet hat, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO, World Health Organisation) d'Krankheet als Pandemie agestuuft.
Am Dezember 2019 gouf an der chineesescher Stad Wuhan eng Unheefung vu schwéiere Longenentzündunge festgestallt. Well eng Partie vun de Patienten als Geschäftsleit um lokale Maart fir Fësch a Mieresfriichte geschafft huet, gouf ugeholl, datt do de primäre Foyer vun der Krankheet war.
De 7. Januar 2020 huet deen zoustännege chineesesche Virolog bekannt ginn, datt et sech ëm en neien, bis dohinn net bekannte Virus géif handelen. Den 13. Januar 2020 gouf déi komplett Genomsequenz vum neie Coronavirus op GenBank, enger Datebank fir Genen a Genomen um Internet, hannerluecht. Kuerz duerno gouf en éischten Diagnosentest fir den Nowäis vum Virus publizéiert.
Et gëtt ugeholl datt de Virus vun Déieren, deenen hiert Fleesch a China um Maart ugebuede gëtt, op de Mënsch iwwerdroe gouf. Am Verdacht steet eng Fliedermaus, d'Java-Houfeisennues (Rhinolophus affinis) (Stand Mäerz 2020).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article SARS-CoV-2, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.