Microsoft Windows ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Microsoft.
Déi éischt Versioun vu Microsoft Windows koum 1985 op de Maart a war grad wéi déi nächst Versiounen och eng einfach graphesch Erweiderung vum Betribssystem MS-DOS. Mëttlerweil huet Windows d'DOS Fundament awer komplett verlooss a baut op en eegene Kernel op.
Den 23. Juni 2006, op Nationalfeierdag also, huet Microsoft déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office op hirer Internetsäit virgestallt. D'Iwwersetzungsaarbechte goufe vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling superviséiert.
Commons: Microsoft Windows – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Microsoft Windows, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.