Angkor Wat (op Khmer: អង្គរវត្ត) war fir d'éischt en hinduisteschen, spéider e buddhisteschen Tempelkomplex am Kambodscha an ass dat gréisst reliéist Monument op der Welt.
E gouf vum Khmer-Kinnek Suryavarman II. am fréien 12. Joerhonnert zu Yasodharapura (haitegen Numm: Angkor), der Haaptstad vum Khmerräich, als säi Staatstempel a spéidere Mausoleum gebaut. Hien huet mat der Traditioun gebrach an den Tempel net wéi d'Kinneke virun him der Gëttin Shiva gewidmet, mä dem Vishnu. En ass deen Tempel op där Plaz, deen am beschten erhalen ass, an et ass deen eenzegen, deen e bedeitende reliéisen Zenter zënter senger Grënnung bliwwen ass.
Den Tempel ass den Héichpunkt vun der klassescher Khmer-Architektur. De Komplex ass e Symbol vum Kambodscha ginn, dat op dem Land sengem Fändel ze gesinn ass, an ass dem Land seng Top-Attraktioun fir Touristen.
Commons: Angkor Wat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Angkor Wat, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.