Ofdreiwung

Eng Ofdreiwung (medezinesch: abruptio graviditatis) ass de geplangten, virzäitegen Ofbroch vun enger Schwangerschaft, well déi aus den ënnerschiddlechste Grënn net gewënscht ass oder fir d'Gesondheet vun der Fra net a Gefor ze bréngen.

Ofdreiwung Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Ofdreiwung ënnerscheet sech vun enger Feelgebuert, medezinesch Abort oder Spontanabort genannt, doduerch, datt eng Feelgebuert natierlech resp. medezinesch Ursaachen huet an net geplangt ass an net duerch en Agrëff provozéiert gëtt.

Ofdreiwung ass e ganz ëmstriddent Theema. Am Konflikt stinn do moralesch, eethesch a reliéis Iwwerzeegungen, gesellschaftlech a juristesch Uspréch, wéi och d'Selbstbestëmmmungrecht vun der Fra an d'Recht op Liewe vum Embryo resp. dem Fötus. Doduerch ergi sech ganz ënnerschiddlech bis widderspréchlech eethesch Urteeler a juristesch Reegelungen.

Ofdreiwung zu Lëtzebuerg

Gesetz zu Lëtzebuerg

Ofdreiwung  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Gesetz vum 12. Dezember 2012 reegelt d'Ofdreiwung zu Lëtzebuerg nei.

Virun 2012 huet d'Gesetz vum 15. November 1978 d'Ofdreiwung gereegelt,. Bis dunn hat d'Gesetz vun 1879 d'Fro vun der Ofdreiwung gereegelt.

Statistik

D'Zuel vun den Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg läit bei ronn 1100 am Joer. Am Planning familial ass d'Zuel vun den Ofdreiwunge vun 245 am Joer 2009 op 558 am Joer 2012 eropgaangen. Ronn 10 % vun den Ofdreiwunge si bei Fraen ënner 25 Joer a ronn 1 % bei Mannerjäregen. Vun deenen 1100 Ofdreiwunge ginn der ronn 1000 duerch Curetage oder Aspiratioun gemaach a ronn 100 mat Hëllef vu Medikamenter. Iwwer Ofdreiwungen no der 12. Schwangerschaftswoch gëtt et keng Statistik.

D'Zuel vun den Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg schéngt zouzehuelen. De Planning familial huet am Joer 2014 655 medikamentéis Ofdreiwunge begleet. 2013 waren et der 610 an 2008 just 150.

Geschicht

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ofdreiwung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Ofdreiwung zu LëtzebuergOfdreiwung GeschichtOfdreiwung Kuckt ochOfdreiwung Um SpaweckOfdreiwungFraSchwangerschaft

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

GeiFurio CardoniSchrëftstellerJean Huss1. August21. JoerhonnertAgnostizismusHernán CortésPsychologie5. JuliSpuenienDresdenAtheismusNGC 19SeptemberHomosexualitéit999 v. Chr.KaweechelcherAtmosphärAntonín DvořákSchueberfouerLéiffrawëschdagHenri AckermannJean SchortgenTréischterin am LeedFestung Lëtzebuerg1948Thierry van WervekeMaart9. SeptemberIstanbulJerusalemMonique HermesSchuedi2024GoldJawsHaaptsäitPlëss d'Arem16. SeptemberÄerdmoundBonaventura Cavalieri11. Abrëll30. NovemberKiewDonald TrumpPäiperlekenKnuedlerLëtzebuergesch Kichespezialitéiten10. Abrëll1237ChengduLe CorbusierProtestantismusKalifornienNorbert CampagnaArelGenfFligel (Piano)1923École privée Marie-ConsolatriceDoudesstrofItalienJosy Braun1. JanuarHebräeschMinière Prince HenriNGC 211988Internationale FraendagLiz Braz🡆 More