Helsinki: Haaptstad vu Finnland

Helsinki (op Schweedesch: Helsingfors ? / i) ass d'Haaptstad vu Finnland.

Helsinki
Helsingfors
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes Finnland
Provënz: Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes Südfinnland
Regioun: Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes Uusimaa
Lokal Verwaltungseenheet: Helsinki
Koordinaten: 60° 10' 11" N
24° 56' 18" E
Fläch: 213,88 km²
Awunner: 576.632 (2009)
Bevëlkerungsdicht: 2.696 Aw./km²
Zäitzon: UTC+2

D'Stad läit am Süde vum Land, direkt un der Küst vum Ostmier. Zesumme mat den Nopeschstied Espoo, Vantaa a Kauniainen huet d'Haaptstadregioun Helsinki (finn. Pääkaupunkiseutu, schwed. Huvudstadsregionen) ronn 1,2 Milliounen Awunner.

Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes
D'Festung Suomenlinna vum Mier aus gesinn
Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes
Kaart vun Helsinki (Ufanks vum 20. Joerhonnert)

Nodeem zirka 6 % vun der Bevëlkerung schweedesch als Mammesprooch hunn, ass d'Stad, no finneschem Gesetz, offiziell zweesproocheg.

Geschicht

Helsinki gouf 1550 op Uerder vum schweedesche Kinnek Gustav Vasa I. gegrënnt fir der - deemools russescher - Hafestad Reval (haut Tallinn) Konkurrenz op den hollännesch-russeschen Handelsrouten an der Ostmierregioun ze maachen. Nodeem d'Schweden awer schonn e puer Joer drop (1561) Estland, an domat och Reval, ënner hir Kontroll kruten, hat de Projet Helsinki zanterhier keng Prioritéit méi fir d'schweedescht Kinnekshaus.

Ongënschteg fir d'Entwécklung vun de Siidlunge war och hir geographesch Lag. 1640 gouf Helsinki op Decisioun vum schweedesche Verwalter dofir kuerzerhand méi no un d'Mier, bei d'Mëndung vum Floss Vantaa, geréckelt. Nodeem d'Russen am Laf vum 18. Joerhonnert zweemol d'Stad ageholl haten, gouf 1748 d'Festung Suomenlinna opgeriicht. All déi Zäit war Helsinki awer ni méi wéi eng kleng Provenzstiedchen an nach ufanks vum 19. Joerhonnert hat d'Stad nëmmen ëm déi 4.000 Awunner.

1808 gouf Finnland vum russeschen Zar Alexander I. eruewert. Fir de schweedeschen Afloss an der Regioun nach weider ze reduzéieren, huet den Zar d'Haaptstad 1812 - vum elo russesche Groussherzogtem Finnland - vun der traditionell schweedesch dominéierter Stad Turku op Helsinki verleeë gelooss. Helsinki hat och de Virdeel, datt et méi no bei Sankt Petersburg louch. Nodeem d'Stad 1809 zu zwee Drëttel duerch e grousst Feier zerstéiert gi war, hunn d'Russen den Zentrum vun Helsinki komplett nei, am monumental-klassizisteschem Stil, opbaue gelooss. Eng ganz Rei Gebaier, wéi z. B. den Doum, goufen deemools no Pläng vum däitschen Architekt Carl Ludvig Engel realiséiert.

1819 gouf de Sëtz vum finnesche Senat op Helsinki geplënnert an zanter 1918 ass et d'Haaptstad vun der onofhängeger Republik Finnland.

Helsinki war 1952 Organisateur vun den Olympesche Summerspiller.

Bevëlkerungsentwécklung

Nom Zweete Weltkrich ass Helsinki séier gewuess. D'Groussstad ass haut den Zentrum vun enger Agglomeratioun an där ëm déi 1,2 Millioune Leit wunnen.

1700 bis 1925 1940 bis 1987 1990 bis 2004
  • 1700 –    1.700
  • 1810 –    4.065
  • 1830 –   11.100
  • 1850 –   20.745
  • 1860 –   22.228
  • 1884 –   49.146
  • 1890 –   61.530
  • 1900 –   91.216
  • 1925 – 209.800

Kuckeswäertes

Helsinki: Geschicht, Bevëlkerungsentwécklung, Kuckeswäertes 
Den Doum vun Helsinki

Monumenter a Gebaier

  • Den Doum vum Architekt Carl Ludvig Engel
  • D'orthodox Uspenski-Kathedral
  • D'Finlandia-Hal vum Architekt Alvar Aalto
  • D'Haaptgebai vun der Universitéit Helsinki
  • D'finnesch Nationaloper
  • Den Olympiastadion
  • D'Festung Suomenlinna (op Schweedesch: Sveaborg) aus dem 18. Joerhonnert steet op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen

Muséeën

  • Kiasma - Musée fir modern Konscht

Um Spaweck

Referenzen

Commons: Helsinki – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Helsinki GeschichtHelsinki BevëlkerungsentwécklungHelsinki KuckeswäertesHelsinki Um SpaweckHelsinkiFichier:Helsingfors.oggFinnlandHelsingfors.oggOstmierSchweedeschToundokumentWikipedia:Audio

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Christophe SchiltzRTL Télé Lëtzebuerg28. Februar16. FebruarLëtzebuerg (Land)Gréng a Liberal AllianzKroatesch EuromënzenHenri vu LëtzebuergHello-World-ProgrammCreative CommonsMarina MalfattiPar Dräilännereck Musel a Ganer Saint-NicolasAtmosphärKapell AansebuergSimone Beck1909Top-Level-DomänUniversitéit vu LéckAmerigo VespucciInformatikWikipediaBernISSNFrank GoetzGemeng (Lëtzebuerg)Villa KutterSchweden15581571Siderurgie zu LëtzebuergDéi zwéi vum BiergBretzelsonndegGemeng HabschtStee (Juegd)LiteraturJuegdsyndikatJousefskierch FuussbannBomisLiichtmëssdagAdrien RiesRené KollwelterJeanne ReuterGemeng HesperSowjetuniounSchaerbeek / Schaarbeek393Max von SydowHei elei, kuck elei27. NovemberAntiquitéit17161503Kierch CapellenJuegdperiod21. FebruarJean-Michel TreinenGNU Free Documentation LicenseBoulevard RoyalPol LeursJean-Claude Juncker🡆 More