D'Evangelium (op griichesch: εὐαγγέλιον - evangelion) ass, etymologesch, eng gutt Noriicht.
Dës zentral Notioun vum Chrëschtentum huet haut e puer Bedeitungen:
Am Allgemenge versteet een haut ënner dem Wuert „Evangelium“ déi véier Texter aus dem Neien Testament (vun de véier Evangelisten: Matthäus, Markus, Lukas a Johannes) déi dem Jesus Christus säi Liewen erzielen.
D'Evangelium bezeechent och heiansdo déi véier Evangelien zesummen, oder souguer d'ganzt Neit Testament. De Begrëff kann awer och aner extra-kanonesch (apokryph) Schrëfte bezeechnen, zum Beispill d'Evangelium vum Thomas oder vum Judas.
A griicheschen Iwwersetzunge vum Alen Testament gouf de Begrëff „evangelion“ benotzt fir d'gutt Noriicht vun enger militärescher Victoire ze bezeechnen. D'Prophéite vum Alen Testament, déi zu der Zäit vum jiddeschen Exil (6. Jh. v. Chr.) schreiwen, verspriechen e puermol follgend gutt Noriicht: datt Gott säi Messias schéckt als Kinnek, dee Gerechtegkeet, Verzeiung a Fridde bréngt.
Am Neien Testament gëtt de Jesus mat dem Messias, deen d'Judden erwaarden, identifizéiert. De Jesus a seng Apostele verbreeden och „d'Evangelium“, si ginn also vun enger gudder Noriicht erzielen. D'Texter schwätze vun der „gudder Noriicht“, vu Gott sengem Kinnek, vu Gott senger Gnod, vum Jesus senger Operstéiung a vum Liewen nom Doud.
Commons: Gospels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Evangelium, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.