Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
◄◄ | ◄ | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | ► | ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1983.
D'Joer 1983 huet op engem Samschdeg ugefaangen.
Evenementer
Europa
Däitschland
- 25. Abrëll: Déi däitsch Illustréiert 'Stern' stellt op enger Pressekonferenz déi spéider als Fälschung entlarvten Dagesbicher vum Adolf Hitler vir.
Éisträich
Lëtzebuerg
Polen
Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken
- 01. September: Ofschoss vun engem ziville Fliger vun der 'Korean Airlines', wéi deen iertemlecherweis an de sowjetesche Loftraum komm ass.
Afrika
Amerika
USA
25. Oktober: Invasioun vun US-Truppen op Grenada.
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
- Edmond Dune, La roue et le moyeu.
- Edmond Dune, Théâtre, oeuvres complètes tome 2.
Musek
Wëssenschaft an Technik
Sport
- D'Jeunesse Esch wënnt d'nationaalt Foussballchampionnat, den Avenir Beggen d'Coupe du Luxembourg.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 2:6 géint Ungarn. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter a Romain Schreiner geschoss.
- 17. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Budapest, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 2:6 géint Ungarn. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter an Théo Malget geschoss.
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:6 géint Dänemark.
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:4 géint England.
- 14. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Piräus, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:1 géint Griicheland.
Gebuer
- 02. Januar: Kate Bosworth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Januar: Adrian Sutil, F1-Pilot.
- 13. Januar: Ben Houdremont, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 04. Februar: Lucienne Bogaert, franséisch Schauspillerin.
- 20. Februar: Nathalie Oberweis, lëtzebuergesch Politikerin.
- 09. Mäerz: Frank Link, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 01. Abrëll: Sergei Wjatscheslawowitsch Lasarew, russesche Popsänger a Schauspiller.
- 13. Abrëll: Claudio Bravo, chileenesch-spuenesche Foussballspiller.
- 09. Mee: Gilles Muller, lëtzebuergeschen Tennisspiller.
- 22. Mee: Žarko Lukić, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 08. Juni: Kim Clijsters, belsch Tennisspillerin.
- 17. Juni: Lee Ryan, brittesche Sänger.
- 01. Juli: Jeanne Schneider, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 05. Juli:Thierry Franzen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 11. Juli: Chris Auger, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 19. Juli: Charles Leweck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Juli: Liz May, lëtzebuergesch Triathleetin.
- 27. Juli: Noémi Bausch, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 30. Juli: Carole Kieffer, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 03. August: Giorgia Bronzini, italieenesch Vëlossportlerin a Weltmeeschterin.
- 06. August: Viktorija Čmilytė, litauesch Schachspillerin.
- 12. August: Angela Zambon, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 14. August: Mila Kunis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. August: Juan Pablo Stutz, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 19. August: Tom Widong, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 20. August: Andrew Garfield, brittesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. August: Claudine Schaul, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 27. August: Jamala, ukrainesch Sängerin.
- 03. September: Alexander Klaws, däitsche Popsänger a Musicalacteur.
- 14. September: Amy Winehouse, brittesch Sängerin.
- 16. September: Gilles Dechmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 04. Oktober: Vicky Krieps, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 11. Oktober: Ruslan Ponomarjow, ukrainesche Schachgroussmeeschter.
- 16. Oktober: Loreen, schweedesch Sängerin.
- 28. Oktober: Alexandra Kugener, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 31. Oktober: Alexander Igorewitsch Grischtschuk, russesche Schachgroussmeeschter.
- 14. November: Georges Scheier, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 15. November: Laura Smet, franséisch Schauspillerin
- 24. November: Luis León Sánchez, spuenesche Vëlossportler.
- 02. Dezember: Alain Poeckes, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 16. Dezember: Francesco Failli, italieenesche Vëlossportler.
- 19. Dezember: Benoît Lang, lëtzebuergesch-kamerunesche Foussballspiller.
- 20. Dezember: Lara Stone, hollännescht Model.
- 29. Dezember: Lynn Decker, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 29. Dezember: Thierry Holtzem, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
Gestuerwen
- 05. Januar: Clément Duhour, franséische Liichtathleet, Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
- 15. Januar: Henri Debain, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 24. Januar: George Cukor, US-amerikanesche Regisseur.
- 24. Januar: Johan Grøttumsbråten, norwegesche Schileefer.
- 26. Januar: Georges Bidault, franséische Resistenzler a Politiker.
- 27. Januar: Louis de Funès, franséische Schauspiller.
- 04. Februar: Karen Carpenter, US-amerikanesch Sängerin.
- 15. Februar: François Mersch, lëtzebuergesche Publizist.
- 22. Februar: Adrian Boult, engleschen Dirigent.
- 25. Februar: Tennessee Williams, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 03. Mäerz: Hergé, belsche Comic-Auteur an Zeechner (Tintin).
- 14. Mäerz: Maurice Ronet, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 19. Mäerz: Camille Polfer, lëtzebuergesche Professer, Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 23. Mäerz: Serge de Poligny, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur
- 25. Mäerz: Jey Kugeler, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 25. Mäerz: Jean-Baptiste Schilling, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 28. Mäerz: Walter Reisch, éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ? Abrëll: Reginald Kernan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 04. Abrëll: Kārlis Šteins, letteschen a sowjeteschen Astronom.
- 04. Abrëll: Gloria Swanson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Abrëll: Dolores del Río, mexikanesch Schauspillerin.
- 12. Abrëll: Pierre Richard-Willm, franséische Schauspiller.
- 21. Abrëll: Walter Slezak, éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 04. Mee: Shūji Terayama, japanesche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 19. Mee: Jean Rey, belschen Affekot a Politiker.
- 28. Mee: Jean Kinsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 01. Juni: Anna Seghers, däitsch Schrëftstellerin.
- 16. Juni: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 08. Juli: Philippe Arnold, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 08. Juli: Georges Lannes, franséische Schauspiller.
- 17. Juli: Jérôme Anders, lëtzebuergeschen Ekonomist, Regierungsconseiller an Auteur.
- 26. Juli: Henri Mersch, lëtzebuergesch Gewiichthiewer an Olympionik.
- 28. Juli: Emile Munhoven, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 29. Juli: Luis Buñuel, spuenesche Regisseur.
- 29. Juli: Raymond Massey, kanadesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. Juli: David Niven, brittesche Schauspiller.
- 05. August: Bart J. Bok, US-amerikaneschen Astronom.
- 09. August: André Hossein, franséische Komponist.
- 15. August: Léon Kinsch, lëtzebuergesche Journalist.
- 25. August: Félix Worré, lëtzebuergeschen Dokter a Member vum Staatsrot.
- 26. August: Albert Gricius, lëtzebuergeschen Auteur.
- 28. August: François Kraut, franséische Geolog.
- 31. August: Georgette Ciselet, belsch Feministin, Affekotin a Politikerin.
- 10. September: Felix Bloch, Schwäizer/US-amerikanesche Physiker an Noberlpräisdréier.
- 13. September: Alphonse Sprunck, lëtzebuergeschen Historiker.
- 22. September: Antoine Krier, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 22. September: Max Montavon, franséische Schauspiller.
- 24. September: Will Kesseler, lëtzebuergesche Moler.
- 26. September: Tino Rossi, franséische Sänger a Filmschauspiller.
- 29. September: Nicky Kirsch, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 30. September: Albert Haas, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 03. Oktober: Guillaume Konsbruck, lëtzebuergesche Politiker.
- 05. Oktober: Earl Tupper, US-amerikaneschen Erfinder.
- 07. Oktober: George Ogden Abell, US-amerikaneschen Astronom.
- 09. Oktober: Jean-Pierre Calteux, lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 10. Oktober: Kurt Heinrich Debus, däitsche Rakéitepionéier.
- 10. Oktober: Ralph Richardson, brittesche Schauspiller.
- 22. Oktober: Michel Mosinger, lëtzebuergeschen Dokter
- 24. Oktober: René Biver, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 02. November: Robert Theis, lëtzebuergeschen Architekt.
- 15. November: John Le Mesurier, englesche Schauspiller.
- 23. November: Michael Maurer, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 25. November: Leopold III., Kinnek vun de Belsch.
- 05. Dezember: Robert Aldrich, US-amerikanesche Produzent a Regisseur.
- 19. Dezember: Alexander Weicker, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 25. Dezember: Joan Miró, spuenesche Moler.
- 28. Dezember: William Demarest, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Dezember: Katrin C. Martin, lëtzebuergesch Journalistin.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1983, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.