Wëssenschaft

D'Wëssenschaft besteet aus Fuerschung a Léier.

Wëssenschaftlech Fuerschung ass d'methodesch Sich no neien Erkenntnesser. D'Resultater ginn a wëssenschaftlechen Aarbechte systematesch duergestallt a verëffentlecht, soudatt se prinzipiell vu jiddwerengem novollzunn an iwwerpréift kënne ginn. D'Léier ass déi organiséiert a systematesch Iwwerliwwerung vun de Grondlage vum wëssenschaftleche Fuerschen an d'Vermëttlung vun engem Iwwerbléck iwwer den aktuelle Fuerschungsstand.

Wëssenschaftsbetrib

Wëssenschaft gëtt traditionell op Universitéite geléiert a praktizéiert. Awer och Akademien, privat finanzéiert Fuerschungsinstituter, Berodungsfirmen an d'Wirtschaft finanzéieren d'Aarbecht vu ville Wëssenschaftler. A ville Länner gëtt et staatlech Hëllefen.

Nieft de wëssenschaftleche Verëffentlechungen geschitt den Austausch mat anere Fuerscher duerch Fachkonferenzen a bei Kongresser vun internationalen Daachverbänn. Och Aluedungen zu Seminaren, Institutsbesich, Aarbechtsgruppen oder Gaaschtprofessure spillen eng Roll. Vu grousser Bedeitung sinn och Auslandsopenthalter an international Fuerschungsprojeten.

Fir déi interdisziplinär Fuerschung gouf an de leschte Joerzéngten eng Rei vun Instituter opgebaut, an deenen industriell an universitär Fuerschung zesummeschaffen. Vill Entreprisen hunn eege Fuerschungsarichtungen, an deene Grondlagefuerschung bedriwwe gëtt.

Bedeitung

D'Resultater vun der Fuerschung sinn eng Grondlag vun der Technik an domat indirekt vu Bedeitung fir dat modernt gesellschaftlecht Liewen.

Wëssenschaftlech Wäerter

Grondwäert vun der Wëssenschaft ass d'Striewen no der Wourecht. E wichtegt Prinzip, fir dat ze realiséieren, ass déi kritesch Haltung géintiwwer eegenen a frieme Resultater an Theesen. E weidert Prinzip ass déi méiglechst gréisst Neutralitéit vum Fuerscher. D'Fuerschung soll méiglechst net duerch aner Interessie wéi d'Wouregkeetssich geleet ginn. Entwéckelt d'Wëssenschaft Theorien, déi net intersubjektiv nopréifbar sinn, gëtt si eng Pseudowëssenschaft. Léisst si sech zum Spillball vu politeschen oder finanziellen Interessie maachen, schwätzt ee vun Junk Science.

Wëssenschaftsfuerschung

D'Wëssenschaftsfuerschung versicht am Géigesaz zu der Wëssenschaftstheorie d'wëssenschaftlech Praxis mat empiresche Methoden z'ënnersichen an ze beschreiwen. Dobäi kommen ënner anerem Methoden vun der Wëssenschaftssoziologie an der Scientometrie zum Asaz. D'Resultater vun der Wëssenschaftsfuerschung hunn am Kader vun der Evaluatioun och Afloss op wëssenschaftspolitesch Entscheedungen.

Wëssenschaftsberäicher

Et existéiere verschidden Systematiken zu der Andeelung vun de Wëssenschaften, z. B. Dewey Decimal Classification. Fréier Autoren hu geschwat vun engem Bam vun der Wëssenschaft souwéi d'Ënnerdeelung an Eenzelwëssenschaften an Universalwëssenschaft. Eng bekannt graff Andeelung ënnerscheet d'Naturwëssenschaften, d'Humanwëssenschaften an d'Strukturwëssenschaften.

Donieft gëtt et beräichsiwwergräifend Disziplinnen, déi eng Mëschung vu verschiddene Fachgebidder sinn, z. B.: d'Wirtschaftsinformatik, déi nieft engem Kär eegen Inhalter, ënner anerem och Deeler aus Informatik, Mathematik, Wirtschaftswëssenschaften a Kommunikatiounswëssenschaften huet.

Um Spaweck

Commons: Wëssenschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Wëssenschaft sbetribWëssenschaft BedeitungWëssenschaft lech WäerterWëssenschaft sfuerschungWëssenschaft sberäicherWëssenschaft Um SpaweckWëssenschaftFuerschung

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Chiang Kai-shekHollandWilhelm II. vun DäitschlandPolvermillenWaudru vu MonsNASAJean-Pierre Schmit (Komponist)Alain AttenTelefonRichard NixonDer Schatz vom ToplitzseeBlog1953MexikoNicolas GrangRepublik China (Taiwan)3. DezemberAllënsterLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenIndeschen OzeanAngela Winkler1875BetribssystemNorbert SinnerVenedegNupediaFrederic Forrest11. AbrëllLuxemburger AutorenlexikonTongaSektLycée Josy-Barthel MamerMathematikerPsychologieMolereiNGC 1421995PhilippinnenThe Family of Man1901Pierre Cao1728BakteerienNGC 1681Ed Lauter22. August.jm25. DezemberFoussballOktav-Mäertchen2021Indien16. MäerzAstronomMartin Lamotte7. JuniBouneweg-SüdTelekommunikatiounSt. Stephans BasilikaLëtzebuergesch31. Mäerz1160Félix Braz1852Lycée technique pour professions de santéThe Golden Blade🡆 More