Dës Säit befaasst sech mam Joer 2023.
D'Joer 2023 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer .
Evenementer
Kroatesch 2-Euro-Mënz (Revers) Europa Krich an der Ukrain : An den éischte Méint gouf et besonnesch an der Géigend ronderëm Bachmut erbattert Kämpf, mat héije Verloschter fir déi zwou Krichsparteien, ouni datt, bis Enn Juni, en eendeitegt Resultat derbäi erauskomm ass. De 6. Juni provozéiert d'Sprengung vum Kachowka-Staudam grouss Iwwerschwemmungen. De 24. Juni mécht e "Marsch op Moskau" vum Jewgeni Wiktorowitsch Prigojin senger Wagner-Grupp , deen den Dag selwer nees ofgeblose gëtt, d'Divergenzen an der russescher Militärféierung däitlech. Den 23. August fält de Prigojin mat engem Fliger erof. Bis Enn dës Joers ginn d'Kämpf laanscht d'Front am Süden an am Oste weider, ouni dass et zu gréissere Verännerunge kënnt. 0 1. Januar : Kroatien gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro an; ausserdeem trëtt et dem Schengen-Raum bäi. 28. Januar : De Petr Pavel gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen an Tschechien . 12. Februar : De Nikos Christodoulidis gewënnt d'Presidentschaftswalen an Zypern , hie gëtt den 1. Mäerz vereedegt. 21. Februar : Den Dorin Recean gëtt als neie Premierminister a Moldawien vereedegt. 0 5. Mäerz : Bei de Parlamentswalen an Estland kritt der Premierministesch Kaja Kallas hir Reformpartei déi meescht Stëmmen. 0 2. Abrëll: De Jakov Milatović gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen am Montenegro . 0 4. Abrëll : Finnland gëtt den 31. NATO -Member. 0 6. Mee : Kréinung vum Kinnek Charles III. 15. Mee : Nom Récktrëtt vum Eduard Heger gëtt de Ľudovít Ódor neie Premierminister faisant fonction an der Slowakei . 14. Juni : E Boot mat Flüchtlingen u Bord geet viru Griicheland ënner, honnerte vu Leit erdrénken. 20. Juni : An der Folleg vun de Parlamentswale vum 2. Abrëll gëtt de Petteri Orpo neie Premierminister a Finnland. 25. Juni : Bei de virgezunne Parlamentswalen a Griicheland kritt d'Nea Dimokratia ënner dem Kyriakos Mitsotakis d'absolut Majoritéit vun de Sëtzer. 23. Juli : Virgezunne Parlamentswalen a Spuenien ; de 16. November gëtt d'Koalitiounsregierung vum Pedro Sánchez vereedegt. 4. -7. September : Schro Iwwerschwemmungen duerch d'Stuermdéif Daniel a Griicheland, Bulgarien an an der Tierkei; op d'mannst 26 Doudeger. 15. September : D'Evika Siliņa gëtt nei Premierministesch a Lettland . 19. September : Aserbaidjan fänkt de Krich géint d'Republik Biergkarabach un, déi da just een Dag méi spéit kapituléiert. 25. Oktober : De Robert Fico gëtt op en Neies Premierminister an der Slowakei , vun enger Koalitiounsregierung aus Smer, Hlas an SNS. 22. November : Bei de virgezunne Parlamentswalen an Holland kritt dem Geert Wilders seng Partij voor de Vrijheid mat 23,6 % déi meescht Stëmmen. 11. Dezember : Als Folleg vun de Parlamentswalen a Polen , de 15. Oktober , gëtt den Donald Tusk vum Parlament zum neie Premierminister gewielt. 14. Dezember : Den Europäesche Conseil decidéiert, datt Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain a Moldawien zu der EU ufänke kënnen. Lëtzebuerg 29. Mee : D'Liaison Micheville , eng Verlängerung vun der Autobunn A4 bis op d'franséisch Grenz, geet no 15 Joer Bauzäit op hirer ganzer Längt vun eppes iwwer 2 km fir de Verkéier op. 11. Juni : Gemengewalen . 0 1. Juli : Déi nei Lëtzebuerger Constitutioun trëtt a Kraaft. 0 1. Juli: De Conseil national de la justice hëlt seng Funktiounen op. 0 1. September : Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal , respektiv Bous a Waldbriedemes . 0 8. Oktober : Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtzer, d'DP der 14, d'LSAP 11, d'ADR 5, déi gréng 4, d'Piraten 3, déi Lénk 2, a Fokus , Volt , KPL , Liberté a Konservativ 0. 17. November : D'Regierung Frieden-Bettel , eng CSV-DP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt. Afrika 15. Abrëll : Ufank vum Krich am Sudan, tëscht rivaliséierende Fraktiounen vum Militär. 0 8. September : Op d'mannst 2.900 Doudeger bei engem Äerdbiewen a Marokko . 11. September : Bei Iwwerschwemmungen duerch d'Stuermdéif Daniel, bei deem ë. a. zwéi Staudämm gebascht sinn, sinn a Libyen iwwer 11.300 Leit ëm d'Liewe komm, ronn 10.100 ginn der nach vermësst. Amerika Nordamerika Mëttel- a Südamerika Asien Arabesch Welt an Noen Osten 7. Oktober : Ugrëff vum Hamas op Israel ; dobäi an an der Folleg dovu kommen iwwer 21.000 Leit ëm d'Liewen. Ozeanien Konscht a Kultur
Molerei Literatur Musek Kino Ekonomie
Wëssenschaft an Technik
D'Raumsond OSIRIS-REx déi am Mäerz 2021 de Réckfluch op d'Äerd ugefaangen huet, wäert viraussiichtlech d'Retourkapsel am September 2023 bei der Äerd aussetzen. 13. Abrëll : Start vun der ESA -Weltraummissioun JUICE, bei där eng Raumsond dräi vun de véier Galiléiesche Mounden op eng méiglech Presenz vu Liewen hin ënnersiche soll. 14. Mäerz : GPT-4 koum offiziell eraus, woumat och d'Fäegkeete vun der Bezuelversioun vun ChatGPT erweidert goufen. 19. oder 20. August : Déi russesch Moundsond Luna 25 gëtt beim Versuch, um Mound ze landen, zerstéiert. 23. August : Déi indesch Moundsond Chandrayaan-3 lant um Südpol vum Äerdmound. Sport
20. August : Déi spuenesch Fraefoussballnationalekipp klappt déi englesch mat 1:0 an der Finall vun der FIFA Fraefoussballweltmeeschterschaft an Australien. Gebuer
Gestuerwen 0 4. Januar : Rosi Mittermaier , däitsch Schileeferin. 0 4. Januar: Fay Weldon , brittesch Schrëftstellerin. 0 5. Januar : Victor Schadeck , lëtzebuergesche Politiker. 0 9. Januar : Gerry O'Hara , englesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 10. Januar : Jeff Beck , brittesche Museker. 10. Januar: Konstantinos II. , tëscht 1964 an 1973 Kinnek vu Griicheland. 11. Januar : Tatjana Patitz , däitsche Model a Filmschauspillerin 12. Januar : Lisa Marie Presley , US-amerikanesch Sängerin. 16. Januar : Gina Lollobrigida , italieenesch Schauspillerin. 18. Januar : David Crosby , US-amerikanesche Museker. 21. Januar : Ritt Bjerregaard , dänesch Politikerin. 24. Januar : Rosch Krieps , lëtzebuergesche Journalist an Auteur. 25. Januar : Cindy Williams , US-amerikanesch Schauspillerin. 27. Januar : Sylvia Syms , brittesch Schauspillerin. 28. Januar : Lisa Loring , US-amerikanesch Schauspillerin. 0 3. Februar : Paco Rabanne, spuenesche Moudendesigner. 0 6. Februar : Pervez Musharraf , pakistanesche Politiker. 0 8. Februar : Burt Bacharach , US-amerikanesche Komponist. 10. Februar : Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg . 10. Februar: Hugh Hudson , englesche Filmregisseur. 10. Februar: Carlos Saura , spuenesche Filmregisseur. 11. Februar : Hans Modrow , (ost)däitsche Politiker. 12. Februar : Mil Jung , lëtzebuergesche Sportler a Staatsbeamten. 15. Februar : Raquel Welch , US-amerikanesch Schauspillerin. 16. Februar : Michel Deville , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur. 16. Februar: Tony Marshall , däitsche Schlagersänger. 17. Februar : Robert Cazala , franséische Vëlossportler. 17. Februar: Jenny Clève , franséisch Schauspillerin. 17. Februar: Stella Stevens , US-amerikanesch Schauspillerin 21. Februar : Nadja Tiller , éisträichesch Schauspillerin. 0 1. Mäerz : Anise Koltz , lëtzebuergesch Schrëftstellerin. 0 6. Mäerz : Georgina Beyer , neiséilännesch Politikerin. 0 8. Mäerz : Bert I. Gordon , amerikaneschen Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur. 0 8. Mäerz: Jean-Marie Kieffer , lëtzebuergesche Komponist, Organist a Lycéesprofesser. 13. Mäerz : Kenzaburō Ōe , japanesche Schrëftsteller. 18. Mäerz : Pedro Solbes , spuenesche Politiker. 23. Mäerz : Marion Game , franséisch Schauspillerin. 26. Mäerz : Karl-Josef Rauber , däitsche Geeschtlechen an Diplomat. 27. Mäerz : Marc Eicher , lëtzebuergesche Lokalpolitiker. 28. Mäerz : Ryūichi Sakamoto , japanesche Komponist. 30. Mäerz : Johan Leysen , belsche Schauspiller. 0 4. Abrëll : Maria Sebaldt , däitsch Schauspillerin. 14. Abrëll : Murray Melvin , englesche Schauspiller. 16. Abrëll : Ahmad Jamal , US-amerikaneschen Jazz-Pianist. 17. Abrëll : Henri Folmer , lëtzebuergesche Sproocheprofesser an Direkter vum Kolléisch. 22. Abrëll : Ju Ming , taiwanesche Sculpteur. 24. Abrëll : Ernst Huberty , lëtzebuergesche Sportjournalist. 25. Abrëll : Harry Belafonte , US-amerikanesche Sänger a Schauspiller. 26. Abrëll : Stina Rautelin , schweedesch Schauspillerin. 10. Mee : Enrico Oldoini , italieenesche Filmregisseur. 18. Mee : Helmut Berger , éisträichesche Schauspiller. 24. Mee : Tina Turner , US-amerikanesch-Schwäizer Sängerin a Schauspillerin. 28. Mee : Harald zur Hausen , däitsche Virolog. 0 1. Juni : Margit Carstensen , däitsch Schauspillerin. 0 5. Juni : Astrud Gilberto , brasilianesch Sängerin. 11. Juni : Stanley Clinton-Davis , brittesche Politiker. 12. Juni : Silvio Berlusconi , italieenesche Politiker. 12. Juni: Treat Williams , US-amerikanesche Schauspiller. 14. Juni : Marc Haentges , lëtzebuergesche Basketballspiller a Geschäftsmann. 15. Juni : Georges Fautsch , lëtzebuergesche Cinematograph. 15. Juni: Glenda Jackson , brittesch Schauspillerin a Politikerin. 23. Juni : Frederic Forrest , US-amerikanesche Schauspiller. 24. Juni : Claude Barzotti , franséische Sänger. 24. Juni: André Bruns , lëtzebuergesche Festungsspezialist. 29. Juni : Alan Arkin . US-amerikanesche Schauspiller. 29. Juni: Eric Grand , lëtzebuergesche Basketballspiller. 30. Juni : Ernest Jann , lëtzebuergesche Foussballspiller. 0 1. Juli : Dilano van 't Hoff, hollänneschen Autoscoureur. 0 7. Juli : Ben Homan , lëtzebuergesche Lokalpolitiker. 10. Juli : Jean-Jacques Becker , franséischen Historiker. 11. Juli : Milan Kundera , tschechesch-franséische Schrëftsteller. 12. Juli : Heide Simonis, däitsch Politikerin 16. Juli : Jane Birkin , englesch-franséisch Schauspillerin a Sängerin. 17. Juli : Nico Pleimling , lëtzebuergesche Vëlossportler. 21. Juli : Tony Bennett , US-amerikaneschen Jazz-Sänger an Entertainer. 21. Juli: Juliette Mayniel , franséisch Schauspillerin. 24. Juli : Mario Hirsch , lëtzebuergesche Politikwëssenschaftler a Journalist. 26. Juli : Sinéad O'Connor , iresch Sängerin. 28. Juli : Martin Walser : däitsche Schrëftsteller. 30. Juli : Paul Reubens , US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur. 31. Juli : Angus Cloud, US-amerikanesche Schauspiller. 0 3. August : Mark Margolis , US-amerikanesche Schauspiller. 0 3. August: Gilles Perrault , franséische Schrëftsteller. 0 4. August : Boniface Alexandre , haitianesche Politiker. 0 7. August : William Friedkin , US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 0 7. August: Margit Saad , franséisch Schauspillerin. 0 8. August : Federico Bahamontes , spuenesche Vëlossportler. 0 9. August : Christian Franck , lëtzebuergeschen Autoscoureur. 10. August : Antonella Lualdi , italieenesch Schauspillerin. 22. August : Toto Cutugno , italieenesche Sänger. 22. August: René Weller , däitsche Boxer. 23. August : Jewgeni Wiktorowitsch Prigojin , russeschen Oligarch a Söldnerchef. 28. August : Roger Van Hool , belsche Schauspiller. 31. August : Marc Henri Reckinger , lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Sculpteur. 0 7. September : Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen , lëtzebuergesch Politikerin. 0 9. September : Mangosuthu Gatsha Buthelezi , südafrikanesche Politiker. 13. September : Mircea Ion Snegur , moldawesche Politiker. 13. September: Roger Whittaker , brittesche Sänger. 15. September : Fernando Botero , kolumbianesche Moler a Sculpteur. 15. September: Ady Jung , lëtzebuergesche Politiker. 16. September : Ernest Walerius , lëtzebuergesche Politiker. 20. September : Camille Dimmer , lëtzebuergesche Sportler a Politiker. 22. September : Giorgio Napolitano , italieenesche Politiker. 25. September : David McCallum , brittesche Schauspiller. 26. September : Claude Fritz , lëtzebuergesche Sänger, Theaterschauspiller a -regisseur. 28. September : Michael Gambon , iresche Schauspiller. 29. September : François Schanen , franséische Linguist. 0 8. Oktober : Burt Young , US-amerikanesche Schauspiller. 0 9. Oktober : Henri Serre , franséische Schauspiller. 13. Oktober : Louise Glück , US-amerikanesch Schrëftstellerin. 14. Oktober : Piper Laurie , US-amerikanesch Schauspillerin. 16. Oktober : Martti Ahtisaari , finnesche Politiker. 21. Oktober : Natalie Zemon Davis , kanadesch-US-amerikanesch Historikerin. 24. Oktober : Richard Roundtree , US-amerikanesche Schauspiller. 27. Oktober : Li Keqiang , chineesesche Politiker. 28. Oktober : Matthew Perry , US-amerikanesch-kanadesche Schauspiller. 30. Oktober : Hans Meiser , däitsche Journalist, Radios- an Televisiounsmoderator. 31. Oktober : Elmar Wepper , däitsche Schauspiller a Synchronspriecher. 0 1. November : Claude Michely , lëtzebuergesche Vëlossportler. 0 2. November : Michel Pilz , lëtzebuergeschen Jazzmuseker. 0 6. November : Antoni Martí , andorranesche Politiker. 0 7. November : Frank Borman , US-amerikaneschen Astronaut. 10. November : Marcel Schlechter , lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker. 10. November: Spiros Focás , griichesche Schauspiller. 19. November : Joss Ackland , englesche Schauspiller. 20. November : Rob Krier , lëtzebuergeschen Architekt. 22. November : Emmanuel Le Roy Ladurie , franséischen Historiker. 22. November: Armand Strainchamps , Lëtzebuerger Moler, Dréibuchauteur a Realisateur. 24. November : Heidelinde Weis , éisträichesch Schauspillerin. 25. November : Aldo Lado , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 28. November : Charlie Munger , US-amerikanesche Geschäftsmann. 29. November : Henry Kissinger , US-amerikanesche Politiker. 30. November : Shane MacGowan, iresche Museker. 0 4. Dezember : Ferny Nicklaus-Faber , lëtzebuergesch Politikerin. 0 5. Dezember : Constantin vu Liechtenstein , liechtensteineschen Adelegen. 0 6. Dezember : Marisa Pavan , italieenesch-franséisch Schauspillerin. 0 8. Dezember : Ryan O'Neal , US-amerikanesche Schauspiller. 10. Dezember : Shirley Anne Field , englesch Schauspillerin. 10. Dezember: Roger Lorang , lëtzebuergesche Foussballspiller. 11. Dezember : Triny Beckius , lëtzebuergesch Molerin. 13. Dezember : Ernest Rassel , lëtzebuergesche Lokalpolitiker. 13. Dezember: Wolfgang Glück , éisträichesche Filmregisseur. 15. Dezember : Guy Marchand , franséische Sänger a Schauspiller. 16. Dezember : Nawaf al-Ahmad al-Sabah , Emir vum Kuwait. 17. Dezember : Arno J. Mayer , lëtzebuergesch-US-amerikaneschen Historiker. 19. Dezember : Gunther Emmerlich, däitsche Sänger a Moderator. 21. Dezember : Frank Feitler , lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur. 22. Dezember : Frank Cassenti , franséische Filmregisseur. 22. Dezember: Ingrid Steeger , däitsch Schauspillerin. 26. Dezember : Wolfgang Schäuble , däitsche Politiker. 27. Dezember : Jacques Delors , franséische Politiker. 27. Dezember: Gaston Glock , éisträichesche Geschäftsmann. 30. Dezember : Luboš Kohoutek , tschecheschen Astronom. 30. Dezember: Tom Wilkinson , englesche Schauspiller. Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2023 , which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0") ; additional terms may apply (view authors ). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.