Togo, op Franséisch République togolaise, ass e Staat a Westafrika. D'Haaptstad vum Togo ass Lomé.
République TogolaiseTogolesesch Republik | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch | ||||
Haaptstad: | Lomé | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Faure Gnassingbé | ||||
• Premierministesch: | Victoire Tomegah Dogbé | ||||
Fläch: | 56.785 km² | ||||
Bevëlkerung: | 6.587.239 (2011) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 97/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 27. Abrëll 1960 vun Frankräich | ||||
Nationalhymn: | Salut à toi, pays de nos aïeux | ||||
Wärung: | Westafrikaneschen CFA-Frang (XUF) | ||||
Zäitzon: | UTC | ||||
Internet TLD: | .tg | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +228 |
Den Numm vun der Republik kënnt aus der Ewe-Sprooch a setzt sech zesummen aus to („Waasser“) a go („Ufer“).
Déi offiziell Sprooche si Franséisch, Kabyé an Ewe.
Den Togo ass e schmuelt laanggezunnt Land tëscht Ghana am Westen an dem Benin am Osten. Et ass net méi wéi 90 km breet mä zitt sech vun Norde bis Süden iwwer 700 km tëscht dem Burkina Faso an dem Golf vu Guinea. D'Land huet eng Fläch vun ongeféier 56.000 km².
Topographesch gëtt et eng grouss Diversitéit u Relieffer: et fënnt een d'Küst, Flaachland, Plateauen, Bierger an Däller. D'Vegetatioun deelt sech a Bëscher mat tropeschem a fiichtem Klima am Süden an a Savannen am Norden.
Commons: Togo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Togo, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.