En Zombie ass eng fiktiv Kreatur, déi a Bicher, Filmer, Serien an anere Medien, als operstanenen Doudegen oder en irrationalt mënschlecht Wiesen duergestallt gëtt.
D'Geschicht vun den Zombien huet hir Origin am spirituellen afro-karibesche Voodoo-Glawen, an deem e mächtegen Zauberer oder eng Hex Aarbechter kontrolléiere kann.
Sou eng Kreatur ass e mënschlecht Wiesen, dat fir dout gehalen a begruewe ginn ass, an dat - dem Volleksglawen no - erëm ausgegruewe ginn a mat onbekannte Mëttelen erëm zum Liewen erwächt ginn ass. Wéinst dem Manktem u Sauerstoff am Graf wier de "liewegen Doudegen" Gehier-dout erëm reaniméiert ginn an dofir an engem katatoneschen Zoustand. E géif Onsécherheet an Angscht verbreeden an déi Lieweg, déi et fänkt, iessen.
D'Kreatur vum Zombie huet zanter den 1960er Jore staark u Popularitéit gewonnen, haaptsächlech zanter dem Succes vum amerikanesche Film Night of the Living Dead ("Nuecht vun de liewegen Doudegen") vun 1968. Vill fiktiv Wierker thematiséieren d'Zombie-Apokalyps bei där d'mënschlech Zivilisatioun zesummebrécht an d'Zombie sech duerch e Virus weltwäit rapid ausbreeden.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Zombie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.