De Winnie-the-Pooh ass e klenge Bier, deen d'Haaptfigur an dem Kannerbuch Winnie-the-Pooh vum englesche Schrëftsteller A.
A. Milne">A. A. Milne (1882-1956) ass, dat de 14. Oktober 1926 zu London am Methuen-Verlag mat Illustratioune vum Ernest H. Shepard (1879-1976) an 1. Oplo erauskomm ass. Déi éischt amerikanesch Oplo koum e puer Deeg duerno, den 21. Oktober 1926, zu New York eraus.
D'Helde vum Buch sinn nieft dem Winnie-the-Pooh: de Christopher Robin, de klenge Jong vum Auteur, d'Kanéngche Rabbit, d'Fierkel Piglet, den Iesel Eeyore, d'Eil Owl, d'Kängurusmamm Kanga an hire Kléngen, de Roo. D'Geschichten aus dem Buch spille sech am Hundred Acre Wood of.
1928 huet den A. A. Milne eng Fortsetzung mam Titel The House at Pooh Corner erausbruecht. Hei ass als nei Figur den Tiger Tigger opgedaucht.
Déi béid Bicher si weltwäit milliounemol verkaf an a vill Sproochen an och Dialekter iwwersat ginn. Eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch ass vum Henry Wickens, engem Englänner, deen zu Waldbëlleg wunnt, gemaach ginn an zu Esch-Sauer am Verlag Op der Lay erauskomm: Winni-Pu am Joer 2000 an éischter an 2001 an zweeter Oplo; D'Haus um Pu-Eck am Joer 2000. Den Iwwersetzer huet fir d'Helde vun der Geschicht och déi entspriechend lëtzebuergesch Nimm erfonnt: Winni-Pu oder einfach Pu, Christophe Robin (Christopher Robin), Kanéngchen (Rabbit), Tinnchen (Piglet), Iih-Aah (Eeyore), Eil (Owl), Kängu (Kanga), Ru (Roo) an Tigger (Tigger). Den Hundred Acre Wood ass de Véierzeg-Hektar-Bësch ginn.
De Winni-Pu a seng Frënn an e puer Sproochen:
Englesch | Lëtzebuergesch | Däitsch | Franséisch | Hollännesch | Latäin | Jiddesch |
---|---|---|---|---|---|---|
Winnie-the-Pooh | Winni-Pu | Pu der Bär (Winnie Pu) | Winnie l'Ourson | Winnie de Poeh | Winnie ille Pu | Vini-der-Pu (Pu Ber) |
Christopher Robin | Christophe Robin | Christopher Robin | Jean-Christophe | Janneman Robinson | Christophorus Robinus | Kristofer Robin |
Rabbit | Kanéngchen | Kaninchen | Coco Lapin | Konijn | Lepus | Kinigl |
Piglet | Tinnchen | Ferkel | Porcinet | Knorretje | Porcellus | Khazerl |
Eeyore | Iih-Aah | I-Aah | Bourriquet | Iejoor | Ior | Iya |
Owl | Eil | Eule | Maître Hibou | Uil | Bubo | Sove |
Kanga | Kängu | Känga | Grand Gourou | Kanga | Canga | Kangu |
Roo | Ru | Klein-Ruh | Petit Gourou | Roe | Ru | Ru |
Tigger | Tigger | Tiger | Tigrou | Teigetje | - | - |
1961 huet Walt Disney d'Filmrechter fir d'Winnie-the-Pooh-Geschichte kaaft, an 1966 hunn d'Disney-Studioen en éischte Kuerzfilm – Winnie-the-Pooh and the Hunny Tree – erausbruecht, duerno Winnie-the-Pooh and the Blustery Day (1968) an nach vill anerer.
Am Joer 2009 ass simultan zu London an zu New York e weidert Buch mat Aventurë vum Winnie-the-Pooh mam Titel Return to the Hundred Acre Wood erauskomm, vum David Benedictus am Stil vum Milne geschriwwen a vum Mark Burgess am Stil vum Shepard illustréiert. An Däitschland ass et och 2009 als Pu der Bär: Rückkehr in den Hundertsechzig-Morgen-Wald (iwwersat vom Harry Rowohlt) publizéiert ginn.
Commons: Winnie-the-Pooh – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Winnie-the-Pooh, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.