Dëse WikiProjet iwwer lëtzebuergesch Zeitungen an Zäitschrëften proposéiert, d'Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg ze vervollstännegen an zu méiglechst all Publikatioun en Artikel unzeleeën (oder ze vervollstännegen an ze vereenheetlechen).
Als Quellen wieren erunzezéien: Un éischter Plaz dem Romain Hilgert seng Antologie , d'Sittë vun der Nationalbibliothéik a-z.lu an eluxemburgensia.lu, souwéi och vereenzelt Hiweiser doruechter, wéi z.B. en Artikel an L'indépendance luxembourgeoise vum 14.06.1887, souwéi an de Periodicke selwer.
E Këschtebastler kinnt eis eng Këscht zwaffen, déi an all Artikel dobäikéim. Dës hätt als Variablen: Titel, Logo, Alternativtitel, Ënnertitel, Datum 1. Nummer, Datum lescht Nummer, Periodizitéit, Editeur, Chefredakter(en), Drécker(ei), Uertschaft, Sprooch, Websäit.
Weider Iddien w.e.gl. an den Text hei abauen.
Et kéint een een Artikel als Virbild huelen, andeems deen optiméiert gëtt, an dëse Modell dann, mutatis mutandis, op anerer iwwerdroen.
Moien, eng Fro: Wann ech op Wikidata wëll Elementer ausfëllen, gëtt et do eng Lëscht vun de Labelen op Englesch, déi ech do bäisetze kann, sou dass dat an der lb: Këscht och optaucht? --Zinneke (Diskussioun) 13:08, 10. Jan. 2022 (UTC)
Dem Romain Hilgert säi Buch "Les journaux au Luxembourg 1704-2004" kann een iwwregens beim Staat gedréckt bestellen a gratis heemgeschéckt kréien, an zwar hei: https://sip.gouvernement.lu/fr/publications/minist-etat/sip/livre/300_ans_journaux_au_Luxembourg.html --Bdx (Diskussioun) 09:09, 28. Aug. 2022 (UTC)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:WikiProjet Zeitungen an Zäitschrëften, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.