D'Zil vun der Wikipedia ass et fir all Mënsch gratis Accès ze ginn op eng grouss Informatiounsquell am Format vun enger Enzyklopedie.
Dës Publicatioun an all Weiderbenotzung vu Contenu doraus muss am legale Kader geschéien, notamment an deem vun den Auteursrechter.
An der Praxis bedeit dat, datt et verbueden ass op d'Wikipedia Contenu ze setzen, deen ee soss anzwousch fonnt huet, ausser den Auteur vun deem Contenu hätt dat ausdrécklech erlaabt an enger Form déi mat der Wikipedia kompatibel ass. Am Prinzip soll een also just eegene Contenu op d'Wikipedia setzen.
Wann der wëllt Contenu vu Wikipedia benotzen an ärem eegene Buch, Artikel, Website oder an enger anerer Publicatioun, da musst der d'Lizenzbestëmmunge vu Wikipedia respektéieren.
Wéi an de Benotzungsbedingunge vun der Wiki Foundation zanter Juni 2009 beschriwwen, ënnerleien all d'Texter vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch der Creative Commons-Lizenz Nummnennung - Weidergab ënner gläiche Bedingungen 3.0 (unported) (lëtz. Versioun) an aus Kompatibilitéitsgrënn och weider nach der GFDL.
Weiderbenotzer däerfen aus deene genannte Lizenzen eng auswielen, ënner där se Wikipedia-Text weidergebrauchen. Dës Lizenzen erlaben och eng kommerziell Benotzung, soulaang se d'Lizenzbestëmmunge respektéieren.
D'Lizenz CC-BY-SA 3.0 verlaangt ë. a. déi follgend Konditioune fir Wikipedia-Texter:
All Text dee virum 15. Juni 2009 op der Wiki publizéiert gouf stoung nëmmen ënner der GNU Free Documentation License (GFDL). Wann der also am Historique vun engem Artikel eng Versioun auswielt vu virun deem Datum, dann applizéiert sech just d'GFDL, wann der eng Versioun vun duerno oder déi aktuell Versioun auswielt, dann hutt der wéi gesot am Prinzip de Choix tëscht GFDL a Creative Commons.
D'GFDL erlaabt et, Artikel vu Wikipedia och entzwuesch anescht ze benotzen. Dobäi mussen allerdéngs d'Lizenzbedingunge vun der GFDL beuecht ginn. Als Dokument am Sënn vun der Lizenz gëllt all Artikel eenzel (also net Wikipedia als e Ganzt).
D'Lizenz staamt ursprénglech aus dem US-amerikanesche Recht a gouf fir Softwaredokumentatiounen opgestallt an net fir e Projet wéi Wiki Lëtzebuergesch. D'Mataarbechter vu Wikipedia hunn dofir un allgemenge Richtlinne geschafft wat d'Benotzung vum Wikipedia-Contenu ugeet. Follgend Bestëmmungen hunn dee Moment keng Kraaft viru Geriicht a sinn temporär. Am Zweifelsfall gëllt d'GFDL-Lizenz.
Beuecht wgl. datt d'Anhale vun der GFDL-Lizenz iech net vun anere Rechter entbënnt, besonnesch deene vun der Wiki Foundatioun um Numm Wiki. Vermeit wgl. alles wat zu enger Verwiesslung tëscht ärer Homepage a Wikipedia féiere kéint.
Onverännert Kopien
Eenzel Artikelen oder de komplette Contenu vu Wikipedia duerf fir Print- oder Onlinerepublikatioune benotzt ginn. Dobäi sollt der den zweeten Abschnitt vun der GFDL beuechten. Dobäi muss eng vollstänneg Kopie gemaach ginn, also och den Historique mat den Nimm vun den diversen Auteuren.
Liest heizou och: http://en.wikipedia.org/wiki/wikipedia:verbatim_copying
Ännerungen
Ginn Deeler vum Artikel geännert, sou sief op den Abschnitt 4 vun der GFDL opmierksam gemaach. Folgendes muss dobäi erfëllt sinn:
Am Fall vun enger online Verbreedung vum Wikipedia Contenu besteet en informellt "Gentlemen-Agreement": An der Reegel sinn d'Auteuren domat averstane wa follgende Saz an all kopéierten Artikel geschriwwe gëtt:
Dësen Artikel baséiert um Artikel "XYZ" aus der fräier Enzyklopedie Wikipedia a steet ënner der GNU Free Documentation / CC-BY-SA 3.0 Lizenz. Op Wikipedia ass eng Lëscht vun den Auteure verfügbar, do kann een den Artikel och änneren. |
"Wiki copyright" sollt en direkte Link op d'lëtzebuergesch Haaptsäit hunn, "XYZ" en direkte Link op de spezifeschen Artikel, "Lëscht vun den Auteuren" op d'Versiounslëscht vum Artikel, "änneren" op d'Editéier-Fënster vum Artikel an d'"GNU Free Documentation" respektiv "CC-BY-SA 3.0 Lizenz" sollt op eng lokal Kopie vun der jeeweileger Lizenz linken.
Fir Mediefichieren (z. B. Biller, Videoen, Tounfichieren) gëllen dacks aner Lizenzbestëmmungen. Dës muss een eenzel op deene jeeweilege Beschreiwungssäiten nokucken ier een sou e Fichier gebraucht.
Natierlech sinn déi applikabel Lizenzbestëmmungen dee Moment och ze respektéieren. Dacks ass de Gebrauch vun engem Bild un d'Konditioun gebonnen, datt op d'mannst den Auteur genannt gëtt an datt d'Bild ënner der selwechter Lizenz weidergebraucht gëtt. Opgepasst, et gëtt op der Wikipedia op Lëtzebuergesch och Biller mat méi restriktive Lizenzen déi de Gebrauch a verschiddene Jurisdiktioune net oder just ageschränkt erlaben.
Wann der festgestallt hutt, datt en Text oder e Mediefichier vun äech ouni är Autorisatioun op d'Wikipedia eropgeluede gouf, da schreift är Doléance op d'Diskussiounssäit vun deem betraffenen Artikel oder Mediefichier, wa méiglech mat kloren Indicatioune firwat ärer Meenung no dat Eroplueden net an der Rei war. En Admin wäert sech da beméien, sech där Affär sou séier wéi méiglech unzehuelen, an de betraffen Text oder Mediefichier direkt läsche wann der Recht hutt.
Wann der selwer Lizenzbestëmmunge vu Wikipedia-Texter oder Wikipedia-Mediefichiere mëssuecht hutt, da bréngt dat w.e.g op d'mannst fir d'Zukunft an d'Rei, andeems der déi uewe genannte Bedingunge korrekt ëmsetzt. Wann der dat net sollt maachen, mä och ganz allgemeng, behalen d'Wiki Foundatioun an déi eenzel concernéiert Auteure sech d'Recht vir, fir all néideg Schrëtt dogéint ze ënnerhuelen, dorënner och d'Recht fir viru Geriicht géint äech virzegoen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:Copyright, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.