aktualitéit

Mir sinn de(n) 28.

Mäerz 2024, 12:43 UTC.

Dës Säit muss ënnerhale ginn, fir e Sënn ze hunn. Si fëllt sech net vum selwen. Fräiwëlleg Mataarbechter si méi wéi wëllkomm.

Kuckt och: 2006, 2007, 2008, asw. fir eng Iwwersiicht, wat Wichteges geschitt war.

Juli 2010

Mee 2009

Abrëll 2009

Mäerz 2009

Abrëll 2007

  • Déi hollännesch ABN Amro-Bank verléiert hir Onofhängegkeet: D'Barclays-Bank iwwerhëlt hir Konkurrentin fir 70 Milliarden €. Déi nei Hoding wäert Barclays PLC heeschen. Et "verschwannen" 12.800 Aarbechtsplazen.
  • Déi lëtzebuergesch Motopoliziste gi mat schwaarze Liedercombinaisonë mat orange Schëllerstécker equipéiert, déi am Schwarzwald fabrizéiert ginn

Mäerz 2007

August 2006

  • 13. August: Den David Fiegen gewënnt déi éischt Europameeschterschaft-Medail fir Lëtzebuerg. Mat enger Zäit vun 1.46:59 gewënnt hien eng Sëlwermedail am 800m hanner dem Hollänner Bram Som.

Juli 2006

Mee 2006

  • 11. Mee: Fir d'5. Kéier gëtt zu Lëtzebuerg den Girls' Day organiséiert deem säin Zil et ass, am Sënn vun der Gläichberechtegung de Meedercher méi technesch Beruffer méi no ze bréngen. An Däitschland ass de Girl's Day de 27. Abrëll.
  • 10. Mee Gläich 5 gutt Neiegkeete koumen aus der an der Lescht dach staark gebeidelter lëtzebuergescher Wirtschaft. Den amerikaneschen Autozouliwwerer Delphi wäert säi Wierk zu Nidderkäerjeng awer net zoumaachen. Obwuehl Delphi ugekoennegt huet weltwäit eng Rei Wierker zou ze maachen, solle verschidden Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn. 20 Nei Aarbechtsplaze solle sou geschaafe ginn. Wann d'WSA sech vu Beetebuerg zréckzitt waert dat eidelt Areal net laang eidel stoen. Wéi de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké matgedeelt huet, stinn eng Partie Projeten zur Diskussioun. D'Regierung préconiséiert eng Léisung am Logistik Beraich. An och zu Jonglenster get et ee Repreneur fir eng Firma déi hir Dieren zoumecht. Wann d'Firma Cement hei demnächst d'Luuten ausmecht waert den deitschen Hela Groupe kuerz duerno an de Startlächer stoe fir se nees unzeknipsen. 30 Aarbechtsplaze si vun der Fermeture vu Clement betraff. 60 bis 70 Aarbechtsplaze solle vun Hela nees nei geschaf gin. 2 Entreprisen déi viru Kuerzem nach a finanzielle Schwieregkeete waren, hunn haut hir Bilane vun 2005 respektiv vum 1. Quartal 2006 presentéiert. D'Mediegrupp Saint-Paul an de Logistikkonzern Thiel schreiwen nees schwaarz Zuelen.
  • 09. Mee: De Groussherzog Henri a seng Fra sinn haut vum Poopst zu Roum an Audienz empfaange ginn.
  • 03. Mee: Uganks des Joer ware Gerüchter an Emlaf komm no deenen d'Monopol-Geschäfter a finanzielle Schwieregkeete wieren. Nach den 18. Februar huet d'Generaldirektioun verkoennegt dat un dese Gerüchter naischt dru wier, a si hu virun der Presse Entwarnung ginn wat eventuell Entloossungen géif ugoen. De 26. Abrëll dunn ass d'Nouvelle ageschloe wéi eng Bomm. De Monopol ass um Enn an all seng 10 Geschaefter waerten nach dest Joer hir Dieren zoumaachen. 263 Mataarbechter stinn domat virun der Dier. Haut sinn d'Verhandlungen em e Sozialplang ugaangen, an et schengt wéi wann den neien Modell vum Maintien dans l'emploi vun alle Bedeelegten géif preconiséiert ginn.
  • 02. Mee: De Premier Jean-Claude Juncker huet an der Chamber seng Deklaratioun zur Lag vun der Natioun gemaach.

Abrëll 2006

  • 27. Abrëll: D'Luxair gouf vun 6 europäeschen Verbraucherschutzorganisatiounen zur 5. bester Fluchgesellschaft gewielt. Gefroot goufen 9.000 Fluchgäscht an ausgewert goufen 36.000 Flich vun 110 verschiddene Fluchgesellschaften. Ob Plaz 1 koum Singapore Airlines, gefollegt vun Malaysian Airlines, Qantas a Sry Lankan Airlines.
  • 16. Abrëll: De Fränk Schleck gewënnt d'Amstel Gold Race (UCI ProTour) an Holland.

Mäerz 2006

  • 22. Mäerz: Weltwaasserdag.
  • 20. Mäerz:Irak.An der Editioun vum 20. Mäerz publizéiert Time, wéi et dozou koum datt den 19. November US-Marines, no enger Bommenattack, 15 onbewaffent irakesch Zivilleit (dorënner siwe Fraen an dräi Kanner) an hiren Haiser erschoss hunn. (http://www.time.com/time/world/printout/0,8816,1174649,00.html)
  • 19. Mäerz: Wäissrussland.Bei enger Walbedeelegung vun 92,6 % a Wäissrussland kritt den aktuelle President Alexander Lukaschenko no offiziellen Donnéeën 82,6 Prozent vun de Stëmmen. De SPIEGELonline schreift vu "Wahl-Farce" ", am Deutschlandradio-Kultur bezeechent den EU-Komminssiounsvizepresident Günter Verheugen Wäissrussalnd als déi "lescht wierklech Diktatur" an Europa. Den Delegatiounschef vun de 467 Walobservateure vun der GUS, de Wladimir Ruschailo, seet virun der Press, d'Wale wieren no de wäissrussesche Gesetzer verlaf.
  • 17. - 19. Mäerz: Den 23e Festival des migrations des cultures et de la citoyenneté an der Luxexpo um Kierchbierg mat den Themen "Neit Gesetz zur Asylpolitik", "Illegal Immigratioun", "Wat fir eng Méiproochegkeet fir Lëtzebuerg?". Organiséiert gëtt de Festival vum CLAE.
  • 16. Mäerz: An der Chamber zu Lëtzebuerg geet Rieds iwwer d'Kooperatioun an iwwer d'Ännerung vun der Verfassung: d'Gläichsetzung vu Mann a Fra!
  • 08. Mäerz: Den Internationale Fraendag ass ouni vill Gedausch iwwer d'Bühn gaangen. D'EU appelléiert un d'Männer un där Aktioun deelzehuele géint Zwangsprostitution wärend der WM-Foussballweltmeeeschterschaft, wou mat 1.000.000 den Dag un Agressiounen u Frae gerechent gëtt: Kaf vu Sex eng Mënscherechtsverletzung.

Februar 2006

  • 03. Februar: Honnerten Indonesier hunn haut mam Slogan "Loosst eis den däneschen Ambassadeur schluechten" déi dänesch Botschaft gestiermt an alles kuerz a kleng gehaen. Ronn 100 Poliziste stoungen do fir deem Crime nozekucken ouni iergendeen ze verhaften oder anzegräifen. An der Nuecht si palestinesesch Al-Aksa-Brigaden an Hotellen agedronge fir no Europäer ze sichen déi ëmbruecht oder entfouert solle ginn. Hannergrond vun deene Doten as d'Verëffentlechung vu satireschen Zeechnungen iwwer de Mohammed, déi zioer vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten als Protest géint Selbstzensur a Beschränkung vun der Meenungsfräiheet verëffentlecht goufen, a mëttlerweil vu villen europäeschen Zeitunge solidaresch nogedréckt goufen.

Januar 2006

  • 27. Januar: Den indesche Milliardär Lakshmi Mittal huet haut de muere bekanntginn, datt säi Stolkonzern Mittal Steel Company wëlles huet, fir 18,6 Milliarden Euro d'Arcelor opzekafen. Mittal Steel ass am Moment a Saache Stol d'Nummer 1 op der Welt an d'Arcelor d'Nummer 2 - wann dëse feindleche Coup op der Bourse duerchgoe géif, kéint en neie Stolgigant entstoen, deem u Lëtzebuerg als Standuert a Gesellschaftssëtz net onbedingt geleeën ass. D'Lëtzebuerger Vollek erwaart elo vu senger Regierung, datt se kloer Positioun bezitt a Moossname géint de Verloscht vun der gréissten Entreprise aus dem Land hëlt. Obscho se elo net déi finanziell Moyenen huet fir hir Eegebedeelegung substantiell eropzesetzen, ka se ëmmer nach op eng Ännerung vun de Statute vun der Arcelor poche fir datt en Investor mat méi wéi 50 % vun den Aktien just nëmme maximal 5 % vun den Droits de Vote ausübe kann, oder se misst - grad wéi Frankräich - kuerzfristeg Gesetzer huelen déi auslännesch Investitiounen a sensibel Beräicher u bestëmmt Oploen a Garantië bënnt (z. B. Standuert a Gesellschaftssëtz op d'mannst 15 Joer am Land ze loossen).
  • 16. Januar: An der Tierkei huet d'Vullegripp haut e véiert Doudesaffer gefuerdert. Op d'mannst 20 weider Persounen hu sech mam Erreger infizéiert. Et gëtt elo gefaart, datt de Virus H5N1 vun do mat Zuchvigel oder Mënschen och an Europa komme kéint.

Extern Aktualitéitssäiten

Archiv

Tags:

aktualitéit Juli 2010aktualitéit Mee 2009aktualitéit Abrëll 2009aktualitéit Mäerz 2009aktualitéit Abrëll 2007aktualitéit Mäerz 2007aktualitéit August 2006aktualitéit Juli 2006aktualitéit Mee 2006aktualitéit Abrëll 2006aktualitéit Mäerz 2006aktualitéit Februar 2006aktualitéit Januar 2006aktualitéit Extern Aktualitéitssäitenaktualitéit Archivaktualitéit

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Lëscht vun de Lëtzebuerger GemengenFaaschtenzäitAlfred HitchcockLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng MierschBosnien an HerzegowinaHaaptsäit/Op engem/MäerzPolneschConseil fir d'Lëtzebuerger SproochArecibo ObservatoireRTL-DéckkäppCaspar Mathias SpooProvënz MurciaCharles MederKathedral Saint-Pierre zu BeauvaisStater TramC++Provënz MadridEric ThillStafelterJohnny HallydayZwerggalaxisFC BarcelonaSchlass BetzderBaha'iDavid GoldrakeGeorges GudenburgKaspescht MierBetribssystemErna Hennicot-SchoepgesHermann StaudingerHannes Alfvén1837Naoto KanSpuerkeessSerge Tonnar & LegotripStär vum KapteynCampus GeesseknäppchenAndré GrosbuschIslamesche StaatMessier 102SchongOrson WellesSkandinavienJean-Louis TrintignantCobalaminDetroitFC Blo-Wäiss IzegPrefektur TokioKasachstanStamm (Biologie)Quod erat demonstrandumNico HelmingerFeilHousekerEdsunMichel CleesKiewIrak166224. JuliSüdamerikaRoger Van HoolMartine DeprezVietnamMady ChristiansChaildGeorgienMalaysiaApple Inc.Alexei Anatoljewitsch NawalnyTom BimmermannTéitengProvënzen an Territoirë vu Kanada🡆 More