D'Wantervullenzielung ass eng Aktioun vun natur&ëmwelt, déi et zanter 2006 gëtt a bei där all Joer de leschte Weekend am Januar Fräiwëlleger Vullen zu Lëtzebuerg zielen.
Wärend dräi Deeg (freides bis sonndes) huelen d'Participantë sech eng Stonn Zäit fir d'Vullen an hirem Gaart ze zielen. Dobäi gëtt fir all Aart festgehalen, wat déi héchsten Zuel ass, déi wärend där enger Stonn gläichzäiteg am Gaart gesi gouf.
Primär geet et bei der Wantervullenzielung dorëms, d'Bestänn vun de Vulle besser ofschätzen ze kënnen an iwwert d'Joren d'Populatiounsentwécklung z'erkennen. Dobäi geet et haaptsächlech, awer net nëmmen, ëm déi heefeg Vullenaarte ronderëm d'Haiser an an de Gäert. Wärend ee fir seele Vullenaarten duerch geziilt Kartéierungen vun Ornithologen dacks gutt Bescheed weess, ass ee bei de geleefege Villercher an den Dierfer a Stied drop ugewisen, datt méiglechst vill Fräiwëlleger hëllefen Daten ze sammelen.
D'Wantervullenzielung huet awer och ee pedagogeschen Aspekt: Doduerch, datt d'Leit sech mat de Vullen an hirem Ëmfeld auserneesetzen, soll sech d'Aartekenntnis vun der Bevëlkerung verbesseren, wat nom Motto „et schützt ee just, wat ee kennt“ indirekt rëm dem Vulleschutz zeguttkënnt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wantervullenzielung, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.