Tokyo Ghoul: Manga-Serie

Tokyo Ghoul ass eng japanesch Manga-Serie, déi vum Mangaka Sui Ishida kreéiert gouf.

Si ass tëscht September 2011 an September 2014 am Shueishas Seinen-Manga Magazin Weekly Young Jump erauskomm an gouf an véierzéng Sammelbänn zesummegefaasst.

Tokyo Ghoul
Tokyo Ghoul: Handlung, Personnagen
Logo: Tokyo Ghoul

Genre Horror, Aktion, Dark Fantasy, Drama, Seinen, Splatter

Land Tokyo Ghoul: Handlung, Personnagen Japan

Auteur Sui Ishida

Verlag Shūeisha

Magazin Weeky Young Jump

Publikation 8 September 2011 - 18 September 2014

Ausgaben 14

Tokyo Ghoul: Handlung, Personnagen

Een Nofollger mam Titel Tokyo Ghoul:re ass am Oktober 2014 am selwechte Magasinn erauskomm. De Manga Tokyo Ghoul gouf och a Form vun engem Anime adaptéiert. Dee besteet aus zwou Saisone mat allkéiers 12 Episoden. E gouf vum Studio Pierrot produzéiert an um japaneschen TV Sender Tokyo MX ausgestraalt. Ausserdeem gouf den 29. Juli 2017 a Japan ee Live-Action Film erausbruecht, deen um Manga baséiert.

Handlung

D'Geschicht vun Tokyo Ghoul dréit sech ëm "Ghulen", kanibalesch Gestalten, déi zu Tokyo ënnert de Mënsche liewen. Den Haaptprotagonist Ken Kaneki ass ee normale Student, bis en enges Daags e Rendez-vous mam Liz Kamishiro, seng Dramfra, huet. Hatt stellt sech als eng "Ghula" eraus a fänkt un, de Ken unzegräifen. Duerch een Zoufall fält ee stolent Gerëscht op d'Liz, an de Ken iwwerlieft mat liewensgeféierleche Blessen.

An der Klinick erwächt de Ken aus dem Koma a mierkt, datt eppes net mat him an der Rei ass. Et stellt sech eraus, datt de Ken d'Organer vum Liz transplantéiert krut an ewell een Hallef-Ghul ass. Hie weigert sech, als Hallef-Ghul Mënschenfleesch z'iessen, mee hie muss et iesse fir iwwerliewen ze kënnen.

De Ken gëtt vun engem Grupp Ghulen, déi de Café "Antik" (Original : Anteiku) bedreiwen, an d'Welt vun de Ghulen agefouert. Sou léiert hien, als Hallef-Ghul ze liewen a léiert och nei Kolleege kennen. Si bréngen ëm och villes iwwert d'Gesellschaft vun de Ghulen bäi, an datt hie seng Identitéit vis-à-vis vun anere Mënsche geheim muss halen, och viru sengem beschte Kolleeg Hideyoshi.

Am spéidere Verlaf vun der Geschicht gëtt de Ken vun enger extremistescher Grupp Ghulen entfouert a sou laang gefoltert, bis e seng Ghul-Natur unerkennt. Doduerch gi seng Hoer wäiss a seng Neel schwaarz. Hie bréngt säi Péngeger bal ëm a frësst e lieweg. Sai Charakter verännert sech och, hie gëtt méi brutal fir déi ze schützen, déi him um Häerz leien. Duerno schléisst de Ken sech der Grupp "Phönixbam" u fir seng Frënn vum "Antik" besser beschützen ze kënnen.

An der Virgeschicht Tokyo Ghoul: JACK geet et ëm d'Jugend vum Kishou Arima a vum Taishi Fura, zwéi Personnagen aus der Haaptserie, déi sech zesummen dinn fir den Doud vun engem Kolleeg vum Taishi z'ënnersichen. Deen ass duerch d'Hand vun engem berüchtegte Ghul mam Numm "Lanter" ëm d'Liewen komm. Den Taishi follegt dem Arima an trëtt der CCG (Commission of Counter Ghoul) bäi. Dat ass déi federal Administratioun, déi sech ëm Verbrieche këmmert, déi a Verbindung mat Ghulen stinn.

Am Nofollger-Band Tokyo Ghoul: re geet et ëm de Ken Kaneki, deen awer ënner Gedächtnisverloscht leit. Mat senger neier Identitéit als Haise Sasaki ass hien de Chef vun engem Sonnerkommando vum CCG, dee sech "Quinx Squad" nennt. All Membere vun deem Grupp goufen operéiert a sinn elo Hallefghulen, déi sougenannte Quinx. Si hunn zwar Krallen, mussen awer kee Mënschefleesch iessen a kënnen een mënschlecht Liewe féieren.

Personnagen

Ken Kaneki

De Ken Kaneki ass een scheie Jugendlechen, deen net mat senger Existenz als Hallef-Ghul eens gëtt. Trotzdeem ass hien e staarke Ghul, dee sech séier heelen kann an Ermëttler besiegen kann. Nodeems hie vum Yakumo Omori aka Jason gefoltert gouf, gëtt hien nach méi staark a brutal fir kee méi stierwen ze loossen. Als Ghul kritt hien zwéin Pseudonymme vun der CCG (Commission of Counter Ghoul) : "Aeklapp" wéinst senger Mask an "Dausendfacher" wéinst senger Kakuja-Krall. Hien huet Bicher gär a géif gär eng Kéier säi Liblingsauteur, de Sen Takatsuki, treffen. Am normale Liewen huet hien eng Aeklapp, well hie säi Ghul-A net kontrolléiere kann. Hien huet schwaarz Hoer, kritt awer duerch den Trauma wéinst der Folter wäiss Hoer a schwaarz Zéiwen- a Fangerneel. Ausserdeem gëtt hie méi muskuléis. Spéider verléisst hien de Café "Antik" a seng Frënn, fir der Grupp "Phönixbam" bäizetrieden. Hie mengt, esou seng Frënn besser beschützen ze kënnen. Mam Changement vu senger Hoerfaarf verännert sech och säi Charakter.

Als Haise Sasaki ass hien anescht. Hien ass elo Ghul-Ermëttler, an hien ass der Meenung, et soll ee Ghulen net ouni Grond ëmbréngen. Hien ass elo och net méi sou schei, mee méi oppen. Seng Standardkleedung besteet aus engem schwaarzen Hiem mat enger wäisser Krawatt an engem laange Mantel. Am Géigesaz zum Ken rejetéiert hie seng Ghul-Säit a kämpft nëmmen an Noutfäll mat senger Krall. Normalerweis benotzt hie seng Quinke. Hien ass ee virsuergleche Mentor, seng Schützlinge lafen ëm awer stänneg fort, well hie sech net duerchgesat kritt.

Toka Kirishima

D'Toka Kirishima ass eng impulsiv Ghula. Hatt ass opbrausend an onfrëndlech a mault oft mam Ken. Trotzdeem baut hatt eng Bindung zu ëm op an ass entsat iwwer seng Verwandlung. Hatt huet eng Chienne, déi säi rietst A verdeckt. Hatt huet ee klenge Brudder, deen Ayato heescht, mee hien haasst hatt. Seng Eltere goufen vun de Mënschen als Ghulen enttarnt an ëmbruecht. Vum CCG gëtt hat wéinst senger Mask "Hues" genannt, nodeems hatt den Ermëttler Mado aus Vengence ëmbruecht huet. Hatt wunnt mam Hisami an hirer Wunneng a probéiert, esou gutt wéi et geet, sech ëm hatt ze këmmeren.

Hideyoshi Nagachika

Den Hideyoshi Nagachika, och genannt Hide, ass ee Mënsch an dem Ken Kaneki säi beschte Kolleeg. Den Hide ass ee witzegen a ganz opfällege jonke Mann, ganz am Géigesaz zum Ken. Den Hide huet orange-blond Hoer, déi am Ufank vun der Geschicht kuerz sinn an um Enn relativ laang. No senger Verwandlung huet de Ken sech vum Hide ewechgehalen, well en Angscht hat, den Hide an d'Ghule-Welt mat eranzezéien. Hien hat him nämlech näischt vu senger Verwandlung zu engem Ghul verzielt gehat. Den Hide wousst awer vun Ufank un, datt säi beschte Kolleeg sech an en Hallefghul verwandelt huet. Am Laf vun der Geschicht gëtt den Hide een Informant vum CCG an Assistent vun den Ermëttler Kotaro Amon an Akira Mado. Do léiert hien och de Seido Takizawa kennen, mat deem hie sech befrënnt. Um Enn vun Tokyo Ghoul gëllt den Hide als vermësst.

Tokyo Ghoul: Handlung, Personnagen  D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.

Yoshimura

De Yoshimura ass e Ghul an de Besëtzer vum Café „ Antik“. Vum CCG gëtt hien „ Eile“ genannt. Hien ass denjéinegen, deen de Ken Kaneki an d'Welt vun de Ghulen aféiert. Si bauen och séier eng gutt Bezéiung op, mä de Yoshimura gëtt um Enn vun der Geschicht vum CCG bal ëmbruecht. Hie gëtt vun engem aneren Ghul ofgeschléckt a sou gerett.

Yakumo Omori

De Yakumo ass e Ghul, dee fréier eng Kéier vun engem verréckte Ghul-Ermëttler gefoltert gouf an d'Fangeren an d'Zéiwen erofgeschnidde krut. Hie konnt fortlafen a benotzt déi Method, mat där hie gefoltert gouf, zënterhier fir anerer ze folteren. Hien ass fir säi charakteristescht Fangerknacke bekannt, wat de Ken vun him iwwerholl huet, nodeems hien de Yakumo gefriess hat. De Yakumo gëtt och Gecko oder Jason genannt.

Hinami Fueguchi

D'Hinami ass ee jonkt onschëllegt Meedchen. Seng Eltere goufe vu Ghul-Ermëttler ëmbruecht. Zënterhier lieft hat beim Toka. D'Toka ass fir d'Hinami wéi eng grouss Schwëster an de Ken wéi ee grousse Brudder. Hat huet eng Schuppen- a Fiederkrall.

Uta

Den Uta ass de Bedreiwer vun den HySy ArtMask Studios, wou hien d'Maske vu sou gutt wéi allen Haaptpersonnagen hierstellt. Den Uta ass en ale Kolleeg vum Renji Yomo an Itori. De Ken hat am Ufank Angscht virun him. Wéi de Ken vum Jason entfouert gouf, koum och den Uta mat fir en ze retten. Dem Uta seng Mask ass ee Voodoo-gesicht an säin Ghul-Numm ass No Face. Am Ufank kënnt hie jiddwerengem komesch fir, mä am Fong ass hien e feine Kärel. Seng Krall ass onbekannt.

Juzo Suzuya

Den Juzo Suzuya ass e jonke Mann, deen a senger Kandheet vun enger Ghula mam Numm Big Madam mëssbraucht gouf. Hien huet ëmmer erëm am „ Restaurant vun de Ghulen“ als „Schluechtert“ misse Mënsche virun engem Publikum ëmbréngen. Big Madam huet den Juzo als Hausmënsch gehalen an no all Kampf huet hat hen rem a seng Zell geschéckt an ëm eng Punktzuel ginn. Fir hien immun géint Péng ze maachen, huet si dem Juzo seng Genitalie verstëmmelt, sou datt hie spéiderhin zu kengem Geschlecht zougeuerdent ka ginn. Wéinst deene Mësshandlunge gëtt hien ee Soziopath, deen d'Gefiller vun anere Mënschen net verstoe kann. Trotz allem huet hie seng Fäegkeeten als „ Schluechtert“ behalen, sou datt hien als Ermëttler mam Shinohara, engem CCG Veteranen, zesummen schaffen kann.

Kureo Mado

De Kureo ass e Mann am mëttleren Alter, deen als Fahnder fir den CCG schafft. Hie ass de Papp vum Akira Mado, sou wéi Partner a Mentor vum CCG-Ermëttler Kotaro Amon. Ongeféier zéng Joer virun der Haaptgeschicht gouf seng Fra Kasuka vum Ghul „ Eenäugeg Eile“ ëmbruecht. Opgrond vun dësem Evenement ass säin Hass op d'Ghulen gestäerkt an hie gouf hinnen géigeniwwer ëmmer méi sadistesch. Sän gréisst Ziel war et di „Eenäugeg Eile“ ze fannen a seng Fra ze rächen. Hie gëtt am Verlaf vun der Geschicht vum Hinami Fueguchi an Toka Kirishima ëmbruecht.

Renji Yomo

Den Renji Yomo ass e Mann mëttleren Alter. Hien ass e Ghul deen am Café „Antik“ schafft. Hien ass eng introvertéiert Persoun déi net vill schwätzt. Hien trainéiert de Ken trainéiert fir datt dee sech selwer verdeedege kann an ass bei der Befreiung vum Ken dobäi.

Kotaro Amon

De Kotaro Amon ass e Ghul-Ermëttler vum CCG an de Partner vum Kureo Mado. Hien huet d'Akademie als Beschten ofgeschloss. Trotzdeem léiert hie vu sengem Mentor Mado nach vill Saachen iwwert Ghule bäi. Den Amon ass ee kräftege Mann dee gutt mat senger Quinke ëmgoe kann. Obwuel de Ken Kaneki säi Feind ass, huet hie Sympathië fir hien a bei engem Kampf seet hien och zum Ken, datt wann hie kee Ghul wier, si sech am normale Liewe gutt verstoe géifen. Nom Doud vum Kureo Mado kritt hien en neie Partner dee sech als d'Duechter vum Mado erausstellt. Hien huet sech als Zil gesat de Ghul Hues ze fanne fir säi Mentor an ale Partner ze rächen.

Referenzen

Tags:

Tokyo Ghoul HandlungTokyo Ghoul PersonnagenTokyo GhoulJapaneschMangaMangaka

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

FGuillaume vu LëtzebuergMartine Anne BreischSchëld F, 19aStade du ThillenbergMarie-Antoinette vun ÉisträichBréisselCFL 260Luxtram-Linn T1Jean-Paul LehnersLéon LavalSchëld C, 14BiergerdagPéiter OnrouCharles-Gérard EyschenHenry MillerClaire DelcourtAssuranceLiz BrazSchëndelsHSechseckGesetzMichel LentzRoland MeyerBatty WeberKnuedlerNorbert BeckerPeter UstinovLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmHelmut KäutnerSchëld F, 16JGuy TheisenEmile MunhovenAlbert RodangeJangliArthur KennedyActioun LëtzebuergeschSchëld D, 7Zesummen - d'BréckKambodschaSociété à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)Jules WernerBernard BuffetHaaptsäit/WDSDésirée NosbuschJohny FlickHenri WehenkelBroscht9Jean-Pierre GeorgÉdouard Kutter (1887)Xavier BettelCetonia aurataJames Robertson JusticeWorld Wide WebNew York CityJean Nicolas481Blue (Film 1968)Elisabeth MargueRTL-DéckkäppAline de Saint-Hubert1964🡆 More