En Tandur, op Hindi तंदूर, op Urdu تندور, béides: Tandūr, op Tierkesch Tandır an op Englesch Tandoor, ass e spezielle Bakuewen aus der indescher Kichen, dee mat Holzkuel gehëtzt gëtt.
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E besteet aus engem groussen zylindresche Krou aus Leem, deen am Buedem versenkt oder mat enger Schicht aus Speis isoléiert ass. D'Holzkuel gëtt am Fong ugefaangen an den Uewe gëtt op d'mannst zwou Stonne virgehëtzt.
Am Tandur gëtt d'Fladenbrout Naan an Chapati gebak, andeems et un déi waarm Säitewänn gedréckt gëtt. Doriwwer eraus gi Fleeschstécker op Spiisser gestach an an den Uewe gestallt, soudatt se deen néidegen Ofstand zur Glous hunn.
Commons: Tandur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tandur, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.