E Supermarché ass en Eenzelhandels-Etablissement, an deem virun allem Liewensmëttel an Artikele fir den deegleche Gebrauch am Self-service verkaaft ginn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zu Lëtzebuerg (wéi och a Frankräich, der Belsch, Italien, Spuenien an Dänemark) ass d'Fläch vun engem Supermarché tëscht 400 a 4000 m² definéiert. Drënner schwätzt ee vun enger Superette, driwwer vun engem Hypermarché.
D'Konzept vum Supermarché kënnt aus den USA. An Europa huet als éischte Supermarché de Migros zu Basel 1948 seng Dieren opgemaach. An Däitschland war dat ee Joer drop een zu Osnabrück (deen awer kee Succès hat a geschwënn nees zougemaach huet), an der Belsch 1957 en Delhaize op der Place Flagey zu Ixelles (Bréissel), an a Frankräich 1958 den Express Marché zu Rueil-Malmaison. Deen éischte Supermarché zu Lëtzebuerg war 1967 de Cactus zu Bäreldeng.
Déi meescht Supermarchéë sinn Deel vun enger Chaîne, déi méi där Supermarchéen ënner der selwechter Enseigne besëtzt oder steiert (z. B. am Kader vun engem Franchising-Kontrakt) oder vun engem Gruppement.
Grouss Supermarchéen hu bis zu 40.000 verschiddene Produkter, bei Discounter sinn dat der gewéinlech eng 1.000.
D'Produkter sinn no raffinéierte Systemer am Geschäft wéi och an den eenzele Regaler placéiert, fir e méiglechst héijen Ëmsaz z'erreechen.
Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Supermarchéë vun iwwer 400 m2 vun 42 am Joer 1996 op 106 am Joer 2016 eropgaangen.
Enseigne | 1996 | 2016 |
---|---|---|
Aldi | 5 | 14 |
Alima | 3 | 3 |
Auchan | 0 | 1 |
Cactus | 13 | 21 |
Colruyt | 0 | 3 |
Cora | 0 | 2 |
Delhaize | 3 | 21 |
Lidl | 0 | 9 |
Massen | 1 | 1 |
Match, Smatch | 14 | 25 |
Monoprix | 0 | 1 |
Pall Center | 3 | 4 |
Primavera | 0 | 1 |
Total | 42 | 106 |
Commons: Supermarchéen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Supermarché, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.