De Georges Henri Parent, gebuer den 1.
Oktober 1937 zu Anderlecht (B) a gestuerwen den 10. November 2014 zu Arel (B), war e belsche Professer, Botaniker an Herpetolog.
Georges Parent | |
---|---|
Gebuer | 1. Oktober 1937 Anderlecht |
Gestuerwen | 10. November 2014 Arel |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Botaniker, Enseignant |
Vun 1960 u war de Georges Parent Professer am Lycée et École normale d'Arlon, an duerno bis 1997 an der École normale de Virton, nodeems déi zwou Schoulen 1987 fusionéiert waren. Vum September 1991 bis de September 1993 war hien op Bréissel an den Institut royal des sciences naturelles detachéiert ginn.
De G. Parent, deen 1975 eng botanesch Thees op der Université catholique de Louvain (UCL) presentéiert hat, war e Collaborateur vum Institut royal des sciences naturelles vu Bréissel, dem Jardin botanique national zu Meise, dem Musée d'histoire naturelle vu Bréissel, dem Muséum national d'histoire naturelle vu Paräis (Secrétariat Faune-Flore et Laboratoire Batraciens-Reptiles).
Vun 1985 u war hien och Collaborateur scientifique vum lëtzebuergeschen naturhistoresche Musée. De Georges Parent war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) an Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.
Dem Georges Parent seng intensiv wëssenschaftlech Aktivitéit ass mat enger Rei vu Präisser unerkannt ginn: Prix de l'Académie luxembourgeoise (Arel, 1974) ; Prix H. Lefebvre (Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, 1981) ; Prix François Crépin (Société royale de botanique de Belgique, 1982) ; Prix E. Biliotti (Frankräich, 1988) ; Prix Emiel van Rompaey (Belsch, 1989).
De Georges Parent war Officier de l'Ordre de Mérite (Lëtzebuerg, 1984) ; Chevalier des Palmes académiques (Frankräich, 1998) ; Officier de l'Ordre de la Couronne de chêne (Lëtzebuerg, 2002).
Nieft der Botanik huet de G. Parent sech och mat Herpetologie ofginn. Hien huet iwwer béid Gebidder publizéiert: iwwer 300 Publikatiounen a ronn 200 wëssenschaftlechen Zäitschrëften. Zu Lëtzebuerg huet hien am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, an den Archives de la Section des sciences de l'Institut grand-ducal an an den Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg (Ferrantia) publizéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Georges Parent, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.