De Siegfried Schürenberg gebuer als Siegfried Wittig den 12.
Januar">12. Januar 1900 zu Detmold a gestuerwen den 31. August 1993 zu Berlin war en däitsche Schauspiller.
Siegfried Schürenberg | |
---|---|
Gebuer | 12. Januar 1900 Detmold |
Gestuerwen | 31. August 1993 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Synchronspriecher, Filmschauspiller |
Am Kino war de Siegfried Schürenberg vun 1933 bis 1941 an enger 20 Filmer ze gesinn. Vun 1942 bis 1954 huet hien haaptsächlech Theater gespillt sou am Krich zu Stroossbuerg am Stadtheater an nom Krich am Schauspielhaus zu Zürich. Vun 1954 u war hien och erëm am Film aktiv. Hien huet an iwwer 80 Filmer matgespillt. Besonnesch opgefall a bekannt ass hien duerch d'Roll vum Scotland Yard Chef Sir John ginn, déi hien an de Filmer aus der Edgar Wallace Serie an den 1960er Jore gespillt huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Siegfried Schürenberg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.