D'Schleesesch Sprooch (Schleesesch: ślůnsko godka, ślůnski, munnechmol och pů našymu) ass eng slawesch Sprooch, déi vun der Bevëlkerung an der uewerschleesescher Regioun a Pole geschwat gëtt, awer och an Tschechien an an Däitschland.
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schleesesch ślůnsko godka, ślōnskŏ gŏdka | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Polen |
Regioun: | Zentaleuropa |
Gëtt geschwat vun: | 529.400 |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | |
ISO 639-2 | |
ISO 639-3 | szl |
Beim statisteschen nationalen Zensus vu Polen, deen 2011 gemaach gouf, hunn ongeféier 509.000 Persounen erkläert, d'Schleesescht wier hir Mammesprooch.
D'Schleesescht gläicht der polnescher Sprooch an dofir gëtt d'Schleesescht vu verschiddene Sproochwëssenschaftler als Dialekt vun der polnescher Sprooch betruecht.
Et gëtt kee spezifescht schleesescht Alphabet. Déi, déi d'Schleesescht schreiwen, benotzen déi polnesch Buschtawen. 2006 gouf allerdéngs en neit schleesescht Alphabet ausgeschafft. Et gëtt allgemeng am Internet an och an der Schleesescher Wikipedia benotzt.
Aa Bb Cc Ćć Čč Dd Ee Ff Gg Hh Ii Jj Kk Ll Mm Nn Ńń Oo Pp Rr Řř Ss Śś Šš Tt Uu Ůů Ww Yy Zz Źź Žž
Duebel Buschtawe fir e bestëmmte Laut: Ch Dz Dź Dž.
Commons: Schleesesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Schleesesch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.