Saskatchewan

De Saskatchewan ass eng Provënz am Süde vum Kanada.

Saskatchewan
Saskatchewan Saskatchewan
Fändel Wopen
Devise: Multis e Gentibus Vires
Saskatchewan
All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Saskatchewan Kanada
Haaptstad: Regina
Gréisst Stad: Saskatoon
Premierminister: Scott Moe (SP)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 7. Plaz
651.900 km²
9,1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 6. Plaz
1.033.381 (2011)
1,75/km²
Deel vu Kanada ginn: 1. September 1905
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-6
Postcode: SK

De Saskatchewan gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vum Saskatchewan River, dat sengersäits vu Kisiskatchewani Sipi, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Cree, hierkënnt, an dat Floss dee séier leeft bedeit.

Geographie

De Saskatchewan grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un d'US-Bundesstaaten North Dakota a Montana, am Westen un Alberta an am Osten u Manitoba.

Saskatchewan ass mat 651.036 km² ongeféier sou grouss wéi Frankräich, d'Benelux-Staaten an d'Schwäiz zesummen, huet knapps 1 Millioun Awunner an deemno nëmmen eng Bevëlkerungsdicht vun 1,6 Awunner pro km² (2006). 13,2 Prozent vun den Awunner sinn Indianer oder Mëschlengen (2001). Saskatchewan huet deemno vun alle kanadesche Provënzen de gréissten Undeel vun Indianer an der Gesamtbevëlkerung.

Gréisst Stied

Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2011):

  • Saskatoon (222.189)
  • Regina (193.100)
  • Prince Albert (35.129)
  • Moose Jaw (33.274)
  • Yorkton (15.669)
  • Swift Current (15.503)
  • North Battleford (13.888)
  • Estevan (11.054)

Ekonomie

De Banken- a Versécherungsekteur (17%), sou wéi och Pëtrol an Äerdgas (13%), sinn déi Branchen, déi am meeschten Ëmsaz maachen. Am Weste vun der Provënz si grouss Äerdgasfelder. D'Landwirtschaft, d'Fëscherei an d'Juegd maachen nëmme 6,5% vum PIB aus, obwuel e groussen Deel vun der Provënz aus Bëscher an Akerland besteet.

Biller

Um Spaweck

Commons: Saskatchewan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Saskatchewan GeographieSaskatchewan EkonomieSaskatchewan BillerSaskatchewan Um SpaweckSaskatchewan1. September1905KanadaProvënzen an Territoirë vu Kanada

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Edward SteichenMarc ThomaHei elei, kuck eleiKierchbiergComité olympique et sportif luxembourgeoisTransgenderChaildFamill (Biologie)FaaschtenzäitJimi HendrixRepublican Party (USA)KlibberenMalteesesch LiraFritz WepperClaudia LetiziaEd LauterHarry HoudiniIndienAustralienAndré Hoffmann (Politiker)UniversitéitKiewSARS-CoV-2Der SpiegelBrittUniqloDeismusLëtzebuerger KantonenZéissengPersonaluniounNorbert HoffmannAthénée de LuxembourgGiicht (Krankheet)Sammy WagnerJair BolsonaroKim Il-sungOstblockLuxemburger WortFilmreakterEuropäesche WirtschaftsraumAlfred OppenheimerClausenMurilo RosaSchetzelOlympescht FeierMichel MalherbeSteve JobsRue de la CongrégationCharles KohlRaymond Burr1874Pranab MukherjeeHousekerWikiHandfeierwaffJhemp HoscheitPortugisesch EscudosLycée Aline-MayrischNorth to AlaskaLëscht vu lëtzebuergesche MusekerPrënz-Albert-PiercingZens (Stad Lëtzebuerg)🡆 More