D'SS Jonathan Holt war e bewaffente Frachtdampfer vun der brittescher Reederei Holt John & Co - Guinea Gulf Line deen de 24.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Frachtschëff Jonathan Holt vun 1938. Fir aner Schëffer mat deem Numm, kuckt wgl. SS Jonathan Holt (Homonymie). |
Februar 1941 vum däitschen U-Boot U-97 torpedéiert gouf a puer Stonnen duerno ënnergaangen ass.
SS Jonathan Holt | ||
---|---|---|
Technesch Donneeën (Iwwerbléck) | ||
Land: | Vereenegt Kinnekräich | |
Proprietär: | John Holt & Co, Liverpool | |
Gebaut vun: | Cammel Laird & Co, Birkenhead | |
Schëffstyp: | Cargoschëff | |
Asaz: | Transport | |
Tonnage: | 4.973 BRT | |
Längt: | 119,1 m | |
Breet: | 28,19 m | |
Déifgank: | 10,54 m | |
Héicht (mam Schaarschtech): | 56 m | |
Motoren: | Dräifach Compound Dampmaschinn an Nidderdrockturbinn | |
Leeschtung: | 471 n.h.p. | |
Vitess: | 12 Kniet | |
Passagéierplazen: | 12 | |
Equipage: | 42 | |
A Betrib geholl: | September 1938 | |
Schicksal: | torpedéiert de 24. Februar 1941 |
D'Schëff war den 19. Februar 1941 (jee no Quell och eventuell den 20.) zu Liverpool ausgelaf a war zesumme mat 24 anere Frachter am Convoy OB-289 op der Convoy route OB (OB steet fir Out of Britain iwwer d'Nordamerikastreck) wéi d'Schëffer vum U-97 ugegraff goufen.
Um 02:12 Auer de 24. Februar huet d'U97 zwéin Torpedoen op de Convoi gefeiert an huet gemellt dat ee Schëff versenkt gouf. Tatsächlech waren awer SS Mansepool an d'Jonathan Holt getraff ginn an ënnergaangen.
De Kapitän, 38 Membere vum Equipage, zwéin Tireuren an zéng Passagéier (dorënner 4 SOE-Aagenten) hunn dobäi d'Liewe verluer. Zwéi Besatzungsmemberen an ee Passagéier goufe vun der HMS Petunia (K 79) aus dem Waasser gefëscht an zu Stornoway u Land gesat. Zwéin aner Besatzungsmembere an ee Passagéier ware vum Rettungsschëff Copeland gerett ginn an zu Greenock u Land gesat ginn.
Ënner den Affer waren de Joseph Hackin a seng Fra Ria zwéi franséisch Archeologen an Offizéier am Déngscht vun der France libre, souwéi de brittesche Schrëftsteller Robert Byron.
Commons: SS Jonathan Holt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article SS Jonathan Holt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.