D'Rout Mier ass e laangezunnent Bannemier tëscht Asien an Afrika.
Et ass 1800 km laang, mä néierens méi breet wéi 360 km. Deen déifste Punkt läit 2604 m ënner dem Mier; an der Moyenne ass et 558 m déif. D'Rout Mier spléckt sech am Norden an zwou Buchten: den déiwe Golf vun Akaba an de westlechen, vill manner déiwe Golf vu Suez. Am Süden geet et, via de Bab el Mandeb an de Golf vun Aden iwwer, en Ausleefer vum Indeschen Ozean. D'Rout Mier grenzt am Norden un Israel a Jordanien, am Osten u Saudiarabien a Jemen an am Westen un Eritrea, Sudan an Egypten.
Zu den Originne vum Numm "Rout Mier" gëtt et verschidden Theorien: entweeder gëtt en op d'Algen zeréckgefouert, déi ëm heiansdo eng roudelzeg Faarf ginn, oder op der Fait, datt am ale Perseschen d'Himmelsrichtungen no Faarwe benannt goufen, a "rout" de Süde bezeechent huet. Eng weider Theorie bezitt et op d'roudelzeg Sandsteefielsen an Eritrea, deenen hir Faarf op d'Mier iwwedroe gi wier.
Commons: Rout Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rout Mier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.