De Roger (Rosch) Krieps, gebuer den 19.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Januar">19. Januar 1926 zu Beetebuerg a gestuerwen den 24. Januar 2023, war e lëtzebuergesche Journalist an Auteur. Hie war, viru senger Pensioun, Redakter an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land a fräie Mataarbechter vun aneren Zäitschrëften.
Roger Krieps | |
---|---|
Gebuer | 19. Januar 1926 Beetebuerg |
Gestuerwen | 24. Januar 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist |
De Rosch Krieps huet ë. a. eng Rei Aarbechten iwwer d'Lëtzebuerger am Ausland publizéiert. Hien ass de Grënner vun The global Family - Photos and Messages asbl, déi sech zum Zil gesat huet, am Sënn vun der Fotoausstellung The Family of Man vum Edward Steichen géint de Krich ze wierken.
2009 protestéiert hien ëffentlech dogéint, datt an The Family of Man d'Foto vun der Explosioun vun enger Waasserstoffbomm dräi Méint laang verstoppt gouf, fir op där Plaz d'Diashow "Rockabilly at the Family of Man" ze weisen. Dat wier eng Verstëmmelung vum Ensembel vun engem Konschtwierk, dat 2003 vun der UNESCO an d'Lëscht vun de Wierker vun der Weltkultur opgeholl. Déi "Zensur" géif dem Steichen säi Message géint all Krich verdecken a säin Antriede fir d'UNO als Mëttel géint d'Kricher onverständlech maachen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Roger Krieps, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.