De Jean Alphonse Robert ('Bob') Kayser, gebuer den 10.
September 1921 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Abrëll 1998 zu Bréissel, war en Offizéier, BEMS ('Breveté d'Études militaires supérieures'), vun der Lëtzebuerger Arméi (bis 1976); duerno war hien am Déngscht vun den Affaires étrangères vu Lëtzebuerg (1983-1992) zu Stockholm, respektiv zu Wien.
Robert Kayser | |
---|---|
Gebuer | 10. September 1921 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 25. Abrëll 1998 Bréissel |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Offizéier |
Famill | |
Kanner | Edouard Marc Kayser |
Hie war mat enger franséischer Offizéieschduechter bestuet an hat fënnef Kanner.
1940: "Matura" am Kolléisch "Mariahilf" vu Schwyz (CH) wou hien Internatsschüler war.
1941-42: Zwee Semesteren op der Technescher Universitéit vu Karlsruhe (Maschinnebau); dunn, gezwongenerweis, "Reichsarbeitsdienst".
Oktober 1942: an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert; zu Küstrin (haut Polen) zum Panzergrenadéier ausgebilt.
1943-45: de Bob Kayser hat d'Chance, an Italien un d'Front geschéckt ze ginn. Beim Volturno-Floss, an der Géigend vun Neapel, dréckt hie vun der Wehrmacht un a kënnt bei d'Amerikaner. Iwwer en Transitlager an Algerie kënnt hien dunn an England wou hie sech fräiwëlleg an d'"Brigade Piron" mellt. De Rescht vum Krich erlieft hien an de Reie vun der "Luxembourg Battery", déi eng vun den dräi Artillerie-Batterië vun der "Brigade Piron" gebilt huet.
Am Mee 1944 gouf de Bob Kayser an eng OCTU (Officer Cadet Training Unit) ugeholl, konnt awer säi Studium do eréischt am Februar 1945, no senger Bedeelegung un de Kämpf an der Normandie an un der Campagne vu Frankräich-Belsch-Holland, ophuelen. No senger Formatioun an der OCTU gouf hien als Offizéieschaspirant an déi jonk Lëtzebuerger Arméi integréiert.
1946/47 & 1948/49: Studium op der ETH vun Zürich (Weiderbildung vun zwéi Semesteren op der Sektioun vun de militäresche Wëssenschaften) a verschidden aner Léiergäng a Stagen (ë. a. en 'All Arms Tactical Course' am Formatiounszentrum vun der brittescher Rhäinarméi bei Paderborn). Duerno ass de Leitnant Bob Kayser zéng Méint beim 2. lëtzebuergesche Batailloun zu Béibreg, ënner dem Kommando vum Majouer Albrecht. Hie kënnt dunn an den État-Major an d'Stad a gëtt uganks Mäerz 1949, als Vertrieder vum Grand-Duché, an den integréierten alliéierten État-Major geschéckt, deen nom Bréisseler Pakt zu Fontainebleau (F) installéiert gi war, a vum brittesche Feldmarschall Bernard L. Montgomery dirigéiert gouf. Zu Fontainebleau hat hien dacks Kontakt mam Generol a spéidere 'Maréchal de France' Jean de Lattre de Tassigny a mam Generol André Navereau.
16. Juni 1950: Bestietnes mat der Louise Ducros vu Fontainebleau, Duechter vun engem franséischen Artilleriescommandant ("Chef d'Escadron") dee laang op der École d'application de l'artillerie dozéiert hat.
Oktober 1950: zeréck an der Stad kritt de Bob Kayser eng Affektatioun am 4. Büro (Logistik).
9. Mee 1951: Ernennung zum Éischte Leitnant.
1954: 'Field Grade Officer Course' vu fënnef Méint an der Infanterie-Schoul zu Fort Benning, Georgia (USA). Zeréck zu Lëtzebuerg kënnt de Bob an den 3. Büro (Instruktioun, Organisatioun an Operatiounen). Gëtt zum Kapitän ernannt.
1957: kommandéiert dat 6. Batailloun vun der Lëtzebuerger Arméi.
1958-60: Studium op der 'École supérieure de Guerre' vu Paräis (72. Promotioun); 'Breveté d'Études militaires supérieures' (BEMS).
1961: Commandant en second vum Centre d'Instruction de l'Armée um Härebierg zu Dikrech.
Enn 1962 gëtt de Majouer Bob Kayser un de 'Commandement du Territoire' am Sennenger Schlass affektéiert ('Bataillon d'intervention mobile').
Vum Dezember 1965 un ass hie militäresche Conseiller am Arméisministère ënner dem deemolege Minister Marcel Fischbach.
1967-72: nom Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht an der Reorganisatioun vun der Arméi (ënner dem Lt-Colonel 'Miko' Mayer als de facto Chef d'État-Major) gëtt de Majouer Bob Kayser Kommandant vum 'Centre d'Instruction de l'Armée' um Härebierg (Dikrech).
Enn 1972-September 1976: de Bob Kayser gëtt Permanente Lëtzebuerger Vertrieder am Militäresche Kommitee vun der NATO, zu Bréissel, an Nationale Militäresche Vertrieder vu Lëtzebuerg am SHAPE (Supreme Headquarters Allied Powers Europe), zu Casteau bei Mons, an och Militäresche Conseiller vun der Permanenter Delegatioun vum Grand-Duché am Nordatlantik-Rot (Bréissel).
1976: de Bob Kayser gëtt als Lt-Colonel pensionéiert.
Enn 1983 gëtt de Lt-Colonel (BEMS) honoraire Bob Kayser vun der Regierung (Colette Flesch, Ausseministesch) op Stockholm geschéckt, an zwar als Chef adjoint vun der lëtzebuergescher Delegatioun bei der KSZE (Konferenz fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa). Dobäi handelt et sech ëm eng Suite vum Helsinki-Prozess.
1986: no dräi Joer zu Stockholm gëtt de Bob Kayser mat deene selwechte Funktiounen op Wien fir eng nei KSZE-Ronn geschéckt. Do bleift hie gutt fënnef Joer ier hie sech definitiv aus dem aktive Liewen zeréckzitt. Säi Liewensowend verbréngt hien tëscht Lëtzebuerg a Bréissel.
De Bob Kayser hat eng ganz Rëtsch vu lëtzebuergeschen an auslännesche Krichsdekoratiounen, Uerden an aner Medailen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Robert Kayser, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.