De René Deltgen gebuer den 30.
Abrëll">30. Abrëll 1909 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Köln, war e lëtzebuergesche Schauspiller, dee seng Schauspillercarrière an Däitschland gemaach huet.
René Deltgen | |
---|---|
Gebuer | 30. Abrëll 1909 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 29. Januar 1979 Köln |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller |
Ugefaangen huet de René Deltgen seng Filmcarrière 1935 mam Film Das Mädchen Johanna, deen iwwer d'Jeanne d'Arc goung. Bis 1944 huet hien eng ganz Rëtsch Filmer gedréint, an deenen e meeschtens Abenteuerer gespillt huet. 1939 gouf e vum Joseph Goebbels zum (nazi-däitschen) Staatsschauspieler ernannt.
Nom Iwwerfall op Lëtzebuerg hunn d'nationalsozialistesch Besatzer den Deltgen a seng Bekanntheet fir Propagandazwecker agesat; op Plakater huet en z. B. d'Lëtzebuerger Kanner opgeruff, der Hitlerjugend bäizetrieden. Hien huet sech no 1945 selwer der Lëtzebuerger Justiz gestallt, gouf awer net verurteelt.
Nom Zweete Weltkrich hat den Deltgen nach e puer Succèsen am Kino, z. B. mat Der Tiger von Eschnapur vum Fritz Lang an Das indische Grabmal. Méi Erfolleg hat en an den 1950er Jore mat Radios-Lauschterspiller, wéi der Francis Durbridge-Serie, wou en den Detektiv Paul Temple gespillt huet.
An den 1960er Joren huet en d'Titelfigur vun den Edgar-Wallace-Filmer Der Hexer (1964) an Neues vom Hexer (1965) gespillt. 1977 war en den Alm-Öhi an enger Heidi-Verfilmung.
De René Deltgen ass 1979 zu Köln u Kriibs gestuerwen an do begruewen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article René Deltgen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.