Recycling

Recycling oder Recyclage ass e Prozess, an deem Offall ëmgewandelt gëtt a Materialien oder Produkter, déi nei benotzt kënne ginn.

Dee Prozess erlaabt et, de Konsum vu Réistoffer an Energie, an d'Verschmotzung vun der Loft an dem Waasser ze reduzéieren. Mam Recycling muss och manner konventionellen Offall traitéiert ginn an et gi manner Zäregaser ausgestouss., Recycling ass en wichtegen Deel vun der moderner Offallwirtschaft.

Recycling
Dat internationaalt Symbol vum Recycling.

Zu den ënnerschiddleche Materialien, déi recycléiert kënne ginn, ziele Glas, Pabeier, Plastik, Metall a verschidden elektronesch Komponenten. De Kompost, also d'Neesbenotze vu biodegradablem Offall, gëllt och als eng Form vu Recyclage. D'Materialien, déi recycléiert solle ginn, ginn entweeder an e Recyclingzenter transportéiert oder vun Dier zu Dier ofgeholl an duerno getrennt, gebotzt an als neit Material fir Industrieprodukter neiopbereet.

An der Theorie gëtt beim Recycling vun engem Material en identescht Material am Réizoustand produzéiert; zum Beispill gëtt benotzte Schreifpabeier an neie Schreifpabeier ëmgewandelt, oder aus alem Polystyrolschaum gëtt neie Polystyrolschaum gemaach. An der Realitéit ass et awer generell méi komplex oder méi deier et Material a genee der selwechter Form ze recycléieren amplaz et nei ze produzéieren. Dofir gëtt dat recycléiert Material dacks an anere Produiten erëmbenotzt. Esou ka Pabeier zum Beispill a Kartong konvertéiert ginn. Eng aner Form vu Recycling ass d'Trennung an d'Asammle vun den Eenzelkomponente vu komplexe Produkter, entweeder well déi eppes wäert sinn (wéi d'Gold an de Computeren oder de Bläi an den Autosbatterien), oder well se schiedlech fir de Mënsch sinn (dofir gëtt d'Quecksëlwer aus ville Produkter geholl).

Um Spaweck

Commons: Recycling – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Zäregas

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Lewis CarrollLycée Hubert-ClémentEnglandSoftwareSudanLycée technique agricole23. JuliSuperjhemp3. MeeNGC 137Haaptsäit/WDS-Archiv 365HollandAlbert EinsteinWikipediaWilhelm II. vun DäitschlandLouis PasteurLycée privé Émile-Metz1935ISO 3166-1Mars Science Laboratory2. MäerzÉisträichSt. Stephans BasilikaAlgriicheschNGC 21Willeke van AmmelrooyWalter VogtLëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiDer Schatz vom Toplitzsee11. JuniIndeschen OzeanKlëppelkrichGemeng WolzDäitsch1992Ëffentlecht Etablissement (Lëtzebuerg)Mark Twain21. FebruarJéineschMassachusettsLéiffrawëschdagPierre CaoSteve Jobs16. DezemberPornographieMoskauFlorida1948Guglielmo Marconi2000NGC 138Sophie MouselFélix BrazDräikinneksgaassBelschTongaGileppetalspärBelsche KongoBlanche WeberKonzentratiounslagerMënz1160ADRItalienVera TschechowaHistoriographie20242009Baltescht MierPaola Pitagora🡆 More