D'Paris Whitney Hilton, gebuer de 17.
Februar 1981 zu New York City, ass als Model, Moudendesignerin, Schauspillerin a Sängerin aktiv. Si ass eng Urenkelin vum Conrad Hilton, dem Grënner vun Hilton Hotels & Resorts.
Paris Hilton | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paris Whitney Hilton |
Gebuer | 17. Februar 1981 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Buckley School, Professional Children's School |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Mannequin, Geschäftspersoun, Promi, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Disk Jockey, Moudendesigner |
Gréisst | 172 Zentimeter |
Gewiicht | 55 kg |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Benji Madden |
Wéinst hirem aparte Liewensstil an hire provokanten Optrëtter zitt si bewosst den Intressi vun de Medien op sech fir sech sou erfollegräich selwer ze vermaarten. Si ass domat e Beispill vun engem Stärchen, dat bekannt gouf net wéinst sengem Talent oder Aarbecht, mä just wéinst sengem Räichtum a kontroverséierten Extravaganzen.
Opgefall ass se 2003 an engem private Sexvideo (1 Night in Paris), wat d'Aschaltquot vun hirer grad ugefaangener Fernseeserie The Simple Life op ee Coup verbessert huet. 2005 krut se no e puer méi klengen Niewerollen eng éischt richteg Roll am Horrorfilm House of Wax. 2006 huet se mat där aus dem Museksalbum Paris ausgekoppelter Single "Stars Are Blind" Erfolleg an den Charts gehat, Enn des Jors war se an allen Zeitunge wéi se zesumme mam Britney Spears ouni Ënnerwäsch erausgaangen ass. 2007 huet se misse fir 23 Deeg an de Prisong, well se no e puer illegalen Tëschefäll och nach ouni Führerschäi gefuer war. 2008 huet se ugefaangen hir Reality-Show My New BFF ze dréinen. 2010 gouf se mat Kokain erwëscht, koum awer op Kautioun nees fräi.
Commons: Paris Hilton – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paris Hilton, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.