Pamela Anderson: Kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Pin-Up-Girl

D'Pamela Denise Anderson, gebuer den 1.

Juli">1. Juli 1967 zu Ladysmith, British Columbia, ass eng kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin an e Pin-Up-Girl.

Pamela Anderson
Pamela Anderson: Kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Pin-Up-Girl
Gebuertsnumm Pamela Denise Anderson
Gebuer 1. Juli 1967
Nationalitéit Kanada, USA
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Playmate, Mannequin, Synchronspriecher, Erotikmodel, Produzent, Animateur, Filmproduzent, Televisiounsmoderateur, Televisiounsproduzent
Famill
Bestuet mat Tommy Lee
Liewenspartner(in) Tommy Lee, Adil Rami
Pamela Anderson: Kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Pin-Up-Girl
Pamela Anderson: Kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Pin-Up-Girl
Um Fligerdréier "USS Ronald Reagan" (2004)

Hiert Liewen

Nodeem datt d'Pamela Anderson 1989 bei engem Football-Spill zu Vancouver entdeckt gouf, well s'e Reklamms-Tshirt vun der Béiermark Labatt unhat, ass se vu Labatt engagéiert gi fir d'Promotioun vun hire Produkter.

Si ass dunn op Los Angeles geplënnert an am Februar 1990 war se fir d'éischt Kéier Covergirl vum Playboy. Zéng mol duerno sollt se nach am Häremagasine ze gesi sinn. Hire Succès als Sexsymbol vun den 1990er Jore grënnt sech ë. a. op hire grousse Broschtëmfank, dee s'am Ganze véiermol verännere gelooss huet.

An der Tëlee hat si hiren éischten Optrëtt als Lisa bei der US-amerikanescher Comedy-Serie Tool Time. Welberühmt ass si awer eréischt ginn duerch hir Roll an der Fernseeserie Baywatch, wou se nieft dem David Hasselhoff fënnef Joer laang d'Rettungsschwëmmerin Casey Jean "C. J." Parker gespillt huet. Weider ernimme kann een nach d'Fernseeserie VIP-The Bodyguards, déi d'Anderson selwer produzéiert huet an an där s'als Valery Irons d'Haaptroll gespillt huet.

Privat war d'Anderson och dacks an de Boulevardsnoriichten, net zulescht wéinst hirem turbulente Bestietnes mam Tommy Lee, dem Batteur vun der Heavy-Metal-Band Mötley Crüe, vun deem d'Hochzäitsvideo vun 1995 an Ëmlaf gerode war. No der Scheedung vum Lee war d'Anderson fir kuerz Zäit mam schweedesche Model Marcus Schenkenberg an duerno mam US-amerikanesche Museker Kid Rock zesummen.

D'Anderson ass Mamm vun zwee Kanner déi se mam Tommy Lee huet (Brandon, * 06. Juni 1996, an Dylan, * 29. Dezember 1997). Nodeem datt se gewuer gouf, datt si sech mat enger Tätowéiernol mat Hepatitis-C infizéiert huet, setzt si sech fir d'Bekämfung vun där Krankheet an. Donieft engagéiert se sech fir den Déiereschutz an ass Member vun der Déiereschutzorganisatioun Peta.

Filmer / Fernseeserien

  • 1991: The Taking of Beverly Hills
  • 1991: Tool Time (Fernseeserie, vun 1991-1993)
  • 1992: Baywatch: River of No Return (Fernseefilm)
  • 1992: Baywatch (Fernseeserie, vun 1992-1997)
  • 1993: Snapdragon
  • 1994: Raw Justice
  • 1994: Come Die with Me: A Mickey Spillane's Mike Hammer Mystery
  • 1995: Baywatch: Forbidden Paradise
  • 1995: Naked Souls
  • 1996: Barb Wire
  • 2001: V.I.P. (Fernseeserie, vun 1998-2002)
  • 2002: Scooby-Doo (Film) (Cameo-Optrëtt)
  • 2003: Baywatch: Hawaiian Wedding (Fernseefilm)
  • 2003: Stripperella (Fernseeserie, Stëmm)
  • 2003: Scary Movie 3
  • 2005: Stacked (Fernseeserie, vun 2005-)

Um Spaweck

Commons: Pamela Anderson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

1. Juli1967British ColumbiaKanadaSchauspillerVereenegt Staate vun Amerika

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

1875FeilAntonín DvořákApdikt27. SeptemberHenri vu LëtzebuergChileNicolas GrangÄerdbiewen1945Marcel Pelletier28. MäerzChiang Kai-shekSchueberfouerKaribikMark TwainStar WarsBanlieue2009UngarnEldoradio1894Pit Schlechter (Auteur)Generalstänn vu 1789Pol LeursKuelendioxid22. DezemberBeatrix I. vun HollandISBNÉcole privée Marie-ConsolatriceRené CarolBrasilienLuxemburger WortSchëld F, 20cGriichesch1789Jazz21. MeeDemokratesch Republik KongoVera TschechowaKarthago1979RTL Radio Lëtzebuerg2018Roman2003SchuediLënster Lycée International SchoolSomalilandBéibreg19941935Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum1988Chrëschtlech-Sozial VolleksparteiBlanche Weber195729. Januar6. MeeJaws1914Louis Pasteur26. Oktober1069Lycée technique d'EttelbruckFräi SoftwareWëllem IV. vu LëtzebuergArno Schmidt🡆 More