D'PI-Men, d'Formation des Patriotes indépendants luxembourgeois, déi sech och nach F-16,9 genannt hunn, war eng vun de bekanntste lëtzebuergesche Resistenzlergruppen.
Si gouf am Hierscht 1940 zu Déifferdeng vum Josy Goerres gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süde vum Lëtzebuerger Land. Déi Grupp war spéider och Member an der Unio'n. Zum Kär vun der Oganisatioun hunn nieft dem Josy Goerres, de François Gräve a seng Fra Gréidy Krieps, den Eddy Fritsch, de Marcel Jung, de Jos Sossong, an den Albert Ungeheuer, all vun Déiferdeng gehéiert. Hir Haaptaktivitéite waren den Opbau vu Fluchtweeër fir politesch Flüchtlingen, Refractairen an entkomme Krichsgefaangen, déi weider no Frankräich gehollef kruten, an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.
Déi Organisatioun war op véier verschiddene Gebidder aktiv:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article PI-Men, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.