An der Onofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika (engl.: Declaration of Independence; offiziell: The Unanimous Declaration of The Thirteen United States of America) hunn déi dräizéng brittesch Kolonien an Nordamerika de 4. Juli 1776 proklaméiert, datt s'ewell net méi zum Groussbritannien gehéiere géifen an hiert Recht, en eegene souveräne Staatebond ze forméieren.
Den Text, dee gréisstendeels vum Thomas Jefferson geschriwwe gi war an dee vum Zweete Kontinentalkongress adoptéiert gouf, gëllt als Grënnungscharte vun den USA an ass ee vun deenen Dokumenter vun der demokratescher Staatsphilosophie déi am meeschte Muecht etabléieren.
Als Independence Day ass de 4. Juli bis haut den Nationalfeierdag vun den USA.
D'Declaratioun vun der Onofhängegkeet besteet aus dräi Deeler: An der Präambel – dem éischten a bekanntsten Deel – leet se fest, wat fir Mënscherechter en Individuum huet, déi em net kënnen ewechgeholl ginn (baséiert um John Locke senger Philosophie an um Naturrecht) a wéini e Vollek d'Recht huet, eng al duerch eng nei Regierungsform z'ersetzen. Am zweeten Deel gi konkreet Handlunge vun der brittescher Kroun opgezielt, mat deenen se déi nateirlech Rechter an d'Rechter vun de Kolonisten dauerhaft an zolidd verletzt hätt, soudatt déi leschtgenannten hir net méi ze follege bräichten. Den drëtten Deel, d'Schlusserklärung besteet aus der Konklusioun, datt et noutwendeg wier, sech vun der brittescher Metropol ze léisen, an datt et vum Naturrecht hier legitiméiert wier, datt déi 13 Kolonie vun elo un d'Recht an Usproch huele géifen, als onofhängeg a souverän Staaten ze handelen.
Fir den integralen Text, kuckt ënnen de Link.
Ënnerschriwwe gouf d'Deklaratioun vun;
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Onofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.