Den Nicolas Estgen, gebuer den 28.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Februar 1930 zu Diddeleng a gestuerwen de 26. Dezember 2019 an der Stad Lëtzebuerg,, war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.
Nicolas Estgen | |
---|---|
Gebuer | 28. Februar 1930 Diddeleng |
Gestuerwen | 26. Dezember 2019 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Bestuet mat | Finy Estgen |
Den Nic. Estgen huet Literatur, Philosophie a Psychologie um fréiere Centre universitaire de Luxembourg an op der Sorbonne zu Paräis studéiert. Hie gouf duerno Enseignant am Lycée technique des arts et métiers an am fréieren Institut supérieur de technologie. E puer Joer méi spéit ass hien awer an den Educatiounsministère gewiesselt, wou en tëscht 1962 an 1978 haaptsächlech fir déi technesch Beruffsausbildung verantwortlech war. 1979 gouf hien Direkter vun der Dikrecher Hotelschoul.
An de spéiden 1960er Jore war hien uganks Generalsekretär an duerno, vun 1970 bis 1997 President vun der Action Familiale et Populaire.
Den Nic Estgen, deen och als Redakter fir d'Familljesäite vum Luxemburger Wort geschafft huet, krut e puer Auszeechnunge fir seng politesch Verdéngschter.
Hie war och Member vun ettlechen europäesche Vereenegungen a President vun den CSV-Senioren.
Hie war mat der Finy Colling bestuet (gestuerwen 1990) a Papp vu véier Kanner.
Vum 14. August 1979 bis den 18. Juli 1994 war den Nic. Estgen Member vum Europäesche Parlament, deem säi Vizepresident e vun 1982 bis 1984 a vun 1992 bis 1994 e war.
Den 31. Januar 1995 ass hie fir d'Erna Hennicot-Schoepges an d'Chamber nogeréckelt, wéi déi Ministesch gouf, a war do bis 1999 Deputéierten. Hien huet sech haaptsächlech fir d'Familljen- a Bildungspolitik agesat.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nicolas Estgen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.