Nazz Nazz war eng lëtzebuergesch Rockband, déi tëscht 1986 an 2010 existéiert huet.
Nazz Nazz | |
---|---|
Museksgenre | Rock, Hard Rock, Blues |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 1986 |
Trennung | 2009 |
Websäit | www.nazznazz.lu |
Memberen | Thierry van Werveke (Gesang) (1986-2009) |
D'Band gouf am Dezember 1986 zu Diddeleng gegrënnt. Ufanks waren en et sechs Männer, déi hir eege Lidder an enger 10 Quadratmeter Wäschkichen geprouft hunn: d'Gittariste Claude Kiefer an Ender Thilges, de Bass Daniel Kries, de Sänger Thierry van Werveke, de Batteur Pipo Petro an de Percussiounist Rico Winandy.
1987 hunn Nazz Nazz hiren éischte Concert am Café Exil zu Diddeleng ginn. E fréit Markenzeeche vun der Band war d'Stëmm an d'Optriede vum Sänger Thierry van Werveke. E Berliner Concertssall schreift Jore méi spéit:
Thierry van Werveke [macht] mit seiner Bühnenpräsenz und eindrucksvollen Stimme den Stil von Nazz Nazz nicht unwesentlich [aus.]
D'Joer drop huet d'Band a gutt gefëllte Bistroen an op Museksfestivalle gespillt.
Dem Thierry van Werveke seng Haaptroll am Andy Bausch sengem erfollegräiche Kinosfilm Troublemaker vun 1989 huet och Nazz Nazz zu gréisserer Popularitéit verhollef. Nom Promotiounstour Groupie Killer Tour sinn e puer Bandmemberen ofgesprongen an d'Grupp huet eng Paus gemaach, éier se kuerz drop nees ënnerwee war.
Den Album Stay Aboard gouf am Mäerz 1990 am Zoo vun Housen opgeholl an zu Hannover gemëscht. En ass als LP erauskomm. Ënner den 12 Lidder haten dat méi emotionaalt Red Eyes an déi méi rockeg Stécker Against the Law an Halwer Zing de Moien Succès bei de Fans. 2003 koum Stay Aboard och op CD eraus, mat e puer bis dohin onverëffentlechte Lidder.
1992 krut d'Band nei Gittaristen an en neie Batteur, an ass mat engem neie Repertoire opgetrueden. Zwee Joer drop koum den Album Mad Man op CD eraus. E gouf am One World Studio produzéiert. Den Titelsong ass de Rocksong Mad Man; donieft hunn Nazz Nazz fir den Album och eng Coverversioun vun L.A. Woman vun The Doors opgeholl.
Bis 1995 hunn Nazz Nazz eng gréisser Tournée gespillt.
Am Joer 2000 koumen dräi fréier Membere nees zeréck bei Nazz Nazz, an d'Grupp huet vun 2001 un erëm albewäert Nazz-Nazz-Lidder op Concerte gespillt, dorënner am Atelier an an der Escher Kulturfabrik.
Den 10. Oktober 2003 hunn Nazz Nazz den Album His Bastard's Noise mat 14 neie Lidder verëffentlecht. E gouf vum Gittarist Ender Thilges tëscht November 2002 a Februar 2003 am Emerald Studio opgeholl. Um Album sinn dräi Lidder a Lëtzebuerger Sprooch drop, ausserdeem véier Texter vum Rico Winandy, zwee vum Geneviève Joly, fënnef vum Thierry van Werveke, ee vum Andy Bausch an ee vum Serge Kennerknecht.
Mam Doud vum Sänger Thierry van Werveke Ufank 2009 huet och Nazz Nazz opgehalen ze existéieren.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nazz Nazz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.