De Mond, respektiv d'Mondhiel ass eng Kierperhiel mat hirem Ëmgeréits am Kapp.
Et ass déi Kierperëffnung, duerch déi Narung opgeholl gëtt, an deemno deen ieweschten Deel vum Verdauungsapparat. Bei ville Liewewiesen, an och beim Mënsch, déngt en och (komplementär zu der Nues) dozou, ze ootmen a Lauter ze produzéieren, déi beim Mënsch als Sprooch artikuléiert kënne ginn.
Bei Déiere gëtt, jee no Struktur, resp. no der Funktioun vum Mond, de Begrëff Maul oder Schniewel gebraucht.
Bei de meeschte Mamendéiere besteet de Mond aus engem Gebéck, op deem eng Rëtsch Zänn sëtzen, déi hëllefen, d'Narung ofzebäissen an duerch Knaen ze zerdrätschen. D'Zong hëlleft, d'Narung an der Mondhiel hin an hier ze beweegen. Si spillt och eng wichteg Roll beim Schmaache vu Grondgoûten (séiss, sauer, batter, salzeg, umami) a beim Artikuléiere vun Téin a Lauter.
D'Lëpse bestinn aus 4 Muskelen (zesummen de Musculus orbicularis oris), fir den Zougank zu der Mondhiel op an zou ze maachen. Si spillen och eng Roll bei der Laut-Artikulatioun an, als Deel vun der Mimik, bei der netverbaler Kommunikatioun.
1. Lëps
2. Zännfleesch
3. Haarde Gumm
4. Mëlle Gumm
5. Zäppchen
6. Mandelen
7. Isthmus faucium (Iwwergang an d'Strass)
8. Hënnescht Bakzänn
9. Viischt Bakzänn
10. Eckzant
11. Viischt Zänn
12. Zong.
Commons: Mond – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mond, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.