Maxim Pasta: Lëtzebuergesch Nuddelsfabrik

Maxim Pasta s.à.r.l.

Maxim Pasta: Geschicht, Produiten a Marken, Kuckt och
Maxim Pasta zu Esch-Uelzecht

Geschicht

Déi italieenesch Immigrantenfamill Crescentini huet 1922 zu Esch-Uelzecht an der Kanalstrooss (deemools d'Réidengerstrooss) déi éischt industriell Nuddelsfabrik zu Lëtzebuerg, déi 1910 gegrënnt gi war, opkaf. Den offiziellen Numm vun der Firma war G. Crescentini & Fils, anct. Gatt Frères. 1934 huet d'Firma Crescentini Frères, Italie - Luxembourg, sech als "Première fabrique italienne de pâtes alimentaires" duergestallt.

De Maximilien genannt Max Crescentini huet nom Zweete Weltkrich d'Mark Maxim agefouert, déi 1968 déposéiert gouf. 1953 huet hien d'Société en nom collectif Max Crescentini et Cie gegrënnt aus där 1981 eng Société en commandite simple ginn ass, an där de Max Crescentini sech mat sengem Eedem Rinaldo Stoisa zesumme gedoen huet.

Am Joer 2000 gouf dunn d'Maxim Pasta sàrl gegrënnt, déi dem Maximilien, genannt Max Stoisa (dem Max Crescentini säi Kandskand), zu 99,5 % gehéiert an zu 0,5 % senger Mamm Irma Crescentini. D'Max Crescentini & Cie besteet weider als Immobiliegesellschaft déi der Famill Crescentini-Stoisa gehéiert.

Produiten a Marken

D'Nuddele vun der Famill Crescentini gi mat Schmull aus haardem Weess an der Qualitéit Amber-Durum aus dem Mëttelmierraum a Kanada gemaach. Fir italieenesch Nuddele ganz atypesch, huet Maxim sech och op Eeërnuddele spezialiséiert. Maxim gëtt als weider Spezifissitéit dat luest Drechne vun den Nuddelen un.

D'Nuddele vun Esch ginn ënner de Marke Maxim, Spiga a Luxpasta verkaaft. Ganz fréi an der Geschicht vun der Firma gouf et och d'Mark Mavi. Maxim huet e puer Gammen, dorënner déi traditionell Maxim Supérieures, d'Eeërnuddele Maxim aux oeufs frais, zanter 1994 d'Vollkarnuddele Maxim intégrales an zanter 1997 d'Bio-Maxim. Spiga ass d'Mark fir d'Familljeverpakunge vun 1 Kilo. Luxpasta ass d'Gamme fir d'Restauratioun mat 3 Kilo-Päck. Ënner der Mark Maxim ginn am Ufank vum 21. Joerhonnert och frësch Nuddelen am Vakuum verkaaft, déi awer net zu Esch produzéiert ginn.

Maxim importéiert och d'Tomateproduiten ënner der Mark Due Fagiani.

Am Joer 2005 huet Maxim Pasta mat 23 Salariéen 1.500 Tonnen Nuddele produzéiert.

Maxim Pasta: Geschicht, Produiten a Marken, Kuckt och 
Produite vu Maxim Pasta Sàrl

Kuckt och

Um Spaweck

Tags:

Maxim Pasta GeschichtMaxim Pasta Produiten a MarkenMaxim Pasta Kuckt ochMaxim Pasta Um SpaweckMaxim PastaLëtzebuerg (Land)Nuddel

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

EgyptenHermann LeitnerDavid GoldrakeRue Albert-UndenRadio Belle ValléeKryosphärProvidersPolice grand-ducaleMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Dullemajik (Museksgrupp)Déi LénkStaatsrot (Lëtzebuerg)MoofAlemanneschManijaLéon LavalLuc FriedenTilo PrücknerGielemännchenJoy HoffmannMaarnechBeatboxingHephaistosHôpital KirchbergBommeleeërIechternachZesummen - d'BréckRhea (Mythologie)Alain AttenAsienElizabeth II.GromperSchëld E, 24aaAbraham LincolnSidney BechetMartine KempVatikanstadDe Mythos vun der Onofhängegkeet 1839Lëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiWikimediaVereenegt KinnekräichPerl oder Pica (Film)Guillaume vu LëtzebuergHoenGare Antwerpen-CentraalWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Republik China (Taiwan)BuddhismusISO 3166-1Chrëschtlech-Sozial VolleksparteiAlternativ Demokratesch ReformparteiNicolas SchumacherBasketballDominikanesch RepublikAlenterFränz HausemerDe FeierwonGudde Gendaarm, Béise GendaarmSchëld E, 25aFeldhandballTelekommunikatiounJapaneschBulgarienActioun LëtzebuergeschDavid CameronSL BenficaSchëld E, 24bOmbudsmannIsabelle Schmitz🡆 More