De Martin Luther, gebuer den 10.
November 1483 zu Eisleben, an do gestuerwen den 18. Februar 1546, war een däitsche reliéise Reformator.
Martin Luther | |
---|---|
Gebuertsnumm | Martin Luder |
Gebuer | 10. November 1483 jul. |
Gestuerwen | 18. Februar 1546 jul. |
Nationalitéit | Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Theolog, Professer, Affekot, Bibeliwwersetzer, Paschtouer, Philosoph, Paschtouer, Schrëftsteller, Priedeger, Komponist |
De Martin Luther huet op Wonsch vu sengem Papp ugefaangen, Droit zu Erfurt ze studéieren. No 2 Méint huet hien dee Studium ofgebrach an ass an den Augustineruerden agetratt. 1507 gouf hien zum Geeschtleche geweit an huet Theologie studéiert.
Vu 1508 un huet hie Virliesunge ginn a gouf, no senger Promotioun 1512, Professer op der Universitéit vu Wittenberg.
1510 ass him op enger Rees op Roum bewosst ginn, wéi wäit d'Institutioun Kierch verweltlecht war: vun der Léier war an der Praxis net méi vill erëmzefannen.
Besonneschen Ustouss huet hien um sougenannten Handel mam Noloosse vun de Sënnen ("Ablass" / "indulgences") zu Gonschte vum Neibau vun der Péiterskierch zu Roum fonnt, dee besonnesch vum Dominikanerpater Tetzel bedriwwe gouf.
Den 31. Oktober 1517 verëffentlecht de Martin Luther seng 95 Theesen ë. a. géint d'Bousspraxis vun der (kathoulescher) Kierch. Dës Theesen, déi als Grondlag fir eng wëssenschaftlech Diskussioun geduecht waren, verbreede sech ganz séier a féieren (ouni datt dat dem Luther seng Absicht war) zur Reformatioun, also zur Zwee-Deelung vum westleche Chrëschtentum. N.B.: Zanter 1054 gouf et schonn eng Deelung tëscht den Ost-Chrëschten (Orthodoxen) an der kathoulescher Kierch am Westen...
Bei engem Sträitgespréich 1518 zu Heidelberg refuséiert de Luther seng Theesen zeréckzezéien.
1519 huet hien an enger weiderer Diskussioun d'Onfeelbarkeet vum Poopst a vun de Konziler grondsätzlech a Fro gestallt.
1520 huet hien dës 3 Grondwierker vun der Reformatioun verfaasst:
De 1521 géint de Luther ausgeschwate Kierchebann blouf wéinst dem senge villen Unhänger an der Bevëlkerung ouni Wierkung. A virun der Reichsacht, déi zu Worms géint hien ausgeschwat gi war huet säi Landesfürst de Friederich der Weise, hien a Schutz geholl, andeems hien de Luther als "Junker Jörg" op d'Wartburg bruecht huet. Do huet hie bannent 10 Méint dat Neit Testament op Däitsch iwwersat.
1525 huet de Luther sech mat der fréierer Nonn Katharina von Bora bestuet an huet mat hir zesumme 6 Kanner kritt.
Commons: Martin Luther – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Martin Luther, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.