De Marcus Tullius Cicero, gebuer den 3.
Januar 106 v. Chr. zu Arpinum a gestuerwen de 7. Dezember 43 v. Chr., war e réimeschen Affekot, Politiker, Riedner, Auteur a Philosoph.
Marcus Tullius Cicero | |
---|---|
Gebuer | 3. Januar 106 v. Chr. jul. Arpino |
Gestuerwen | 7. Dezember 43 v. Chr. jul. Formia |
Doudesursaach | Käppen |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit | Philosoph, Dichter, politeschen Theoretiker, Jurist, Schrëftsteller, Alréimesche Priister, Affekot, Riedner, Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Terentia, Publilia |
Papp | Marcus Tullius Cicero |
Mamm | Helvia |
Geschwëster | Quintus Tullius Cicero |
Kanner | Marcus Tullius Cicero, Tullia |
Seng Famill huet zum Ritterstand (ordo equester) gehéiert an hien huet duerch säi politeschen Opstieg als homo novus (= neie Mann) an den Ae vun de Patrizier gegollt, déi zu Roum als d'Aristokrate gezielt hunn. Als Auteur gëtt hien nach haut uechter d'Welt als dee bedeitendste laténgesche Schrëftsteller ugesinn.
Den Cicero gouf am Zäitalter vun de sozialen a politeschen Onroue gebuer, déi der Republik schliisslech en Enn gesat hunn an d'Keeserräich als Folleg haten. Dëst war och d'Zäit vun der réimescher Klassik, zu där säi Wierk gehéiert.
Als Affekot ass den Cicero besonnesch bekannt ginn duerch de Prozess géint de Gaius Verres, e fréiere Gouverneur vu Sizilien, deen d'Sizilier wärend sengem Mandat ouni Schimmt beklaut hat, an dee vu kengem anere wéi dem Quintus Hortensius Hortalus, deem gréissten Affekot vu Roum zu där Zäit, verdeedegt gouf. Wéi den Cicero de Prozess gewonnen hat war säi Ruff als beschten Affekot vu Roum sécher.
Den Cicero huet wärend senger Zäit als Konsul musse géint eng Verschwierung vum réimesche Senator Lucius Sergius Catilina ukämpfen. Seng Gestioun vun där Kris gouf herno kritiséiert, well hien den Uerder ginn hat, réimesch Bierger ouni Prozess als Staatsverréider hinzeriichten, wat zu Roum e Skandal war.
Den Cicero gouf vum Historiker Theodor Mommsen mol als Politiker als Mann "ohne Einsicht, Ansicht und Absicht"[Source?], an och nach als Opportunist beschriwwen. Dëst ass ze vill einfach an dréit senger bedeitender Leeschtung net Rechnung. Et muss ee säi politescht Wierk am Kader vun der Korruptioun a vun den onsécheren Zäiten, déi an der réimescher Republik zu där Zäit geherrscht hunn, gesinn a bewäerten. Seng pro-republikanesch Politik huet am Endeffekt d'Muechtergräifung vun de Genereel nëmmen erausgezéckt an deemno net verhënnert. Et ass him awer och gelongen, Leit wéi dem Verres an dem Catilina d'Handwierk ze leeën.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Marcus Tullius Cicero – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marcus Tullius Cicero, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.