E Manga ass eng Bande dessinée (B.D.) aus Japan.
Dës B.D.en zeechne sech duerch ee besonnesche Stil aus, dee bei eis dacks als "schlecht gemaach" ugesi gëtt. Bal ëmmer si Mangae schwaarz-wäiss a ginn am Original an der japanescher Liesweis, dat heescht, vun uewen no ënnen an vu riets no lénks publizéiert. D'iwwersate Versiounen hale sech ëmmer méi dacks un déi Richtung.
A Japan ginn déi B.D.en ufanks an Zeitunge publizéiert a wa se beim Public gutt ukommen, a Bicher zesummegefaasst. Déi Bicher hunn zum dacksten ee Format vu 17 op 11 cm.
Fir d'Handlung vun de Geschichte gëtt et keng Reegelen. Et gëtt Mangae fir Kanner, eeepesch Geschichten, Superhelden-Geschichten, romantesch Mangaen, Mangae fir Erwuesener asw.
Bei eis bekannt Mangae sinn z. B.: Dragonball, Sailor Moon, One Piece, Neon Genesis Evangelion, Naruto ...
Commons: Manga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Manga, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.