Les Trois Mousquetaires ass e Roman vum Alexandre Dumas, deen ursprénglech als Feuilleton an der Zeitung Le Siècle vu Mäerz bis Juli 1844 publizéiert gouf.
De Roman erzielt vun den Aventure vum jonken d'Artagnan aus der Gascogne dee seng Heemecht verlooss huet fir op Paräis ze goen, an do Musketéier ze ginn. Dobäi mécht hien d'Bekanntschaft vun den dräi Musketéieren Athos, Aramis a Porthos. Zäitlech spillt sech dem Dumas säi Roman tëscht 1626 a 1628 of. Eis véier Helde vum Roman ginn ongewollt an d'Affäre vum Haff verstréckt, an decken d'Intrige vun der Milady de Winter, enger Agentin vum Richelieu mat dubiéiser Vergaangenheet, op.
Nom éischte Roman huet den Dumas nach zwou Fortsetzungen erausbruecht, Vingt Ans après (1845) an Le Vicomte de Bragelonne, geschriwwe vun 1848-1850.
Adaptatioune fir den Theater
Den Alexandre Dumas selwer huet säi Roman schonn 1845 fir den Theater adaptéiert, ënner dem Titel Les Mousquetaires, dunn 1849 La Jeunesse des Mousquetaires an 1861 Le Prisonnier de la Bastille.
Weider Adaptatioune koume vum Roger Planchon (1958), Jérôme Savary (1977), Francis Perrin (1978, Parodie ënner dem Titel L'Escrime ne paie pas) a Marcel Maréchal (1982, Reprise 1999).
Verfilmungen
Les Trois Mousquetaires (1921) – e franséische Stommfilm mam Aimé Simon-Girard als d'Artagnan a Claude Mérelle als Milady de Winter.
The Three Musketeers (1921) – en US-amerikanesche Stommfilm mam Douglas Fairbanks
The Three Musketeers (1935) – s/w Versioun fir RKO Pictures mam Paul Lukas a Walter Abel.
The Three Musketeers (1939) – eng Comédie mam Don Ameche an de Ritz Brothers
D'Artanjan i tri muschketjora ("Д'Артаньян и три мушкетёра", 1978) – e russescht Musical mam Mikhail Boyarsky als d'Artagnan, Veniamin Smekhov als Athos, Igor Starygin als Aramis a Valentin Smirnitsky als Porthos.
The Three Musketeers (1993) – vum Stephen Herek mam Charlie Sheen als Aramis, Kiefer Sutherland als Athos, Chris O'Donnell als d'Artagnan, Oliver Platt als Porthos, an Tim Curry als Richelieu.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Les Trois Mousquetaires, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.