De Käicher, och nach Kicherierbes, Kicherierz oder Pois chiche, (Cicer arietinum) ass eng Planzenaart aus der Gattung Käicher (Cicer) an der Ënnerfamill Faboideae an der Famill vun den Scheekefriichten (Fabaceae).
Trotz hirem däitschen oder franséischen Numm (Kichererbse, resp. pois chiche) ass se net weider Famill mat der Ierbes (Pisum sativum).
Käicher: Habitus a Friichten | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Stamm | Cicereae |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Fabales |
Famill | Fabaceae |
Ënnerfamill | Faboideae |
Gattung | Käicher (Cicer) |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Cicer arietinum | |
L. |
De Käicher ass eng eejäreg krauteg Planz, déi bis zu 1 Meter héich gëtt. D'Bléie kënne purpurrout, mof, violett oder wäiss sinn a ginn 10 bis 12 mm grouss.
An de ronn 3 cm grousse Scheeken, déi sech draus entwéckelen, si gewéinlech 2 onreegelméisseg geformt Somen déi däischter beige bis schwaarz sinn a giess kënne ginn.
A Klengasien gouf de Käicher scho virun 8000 Joer ugebaut, a gouf vun do am ganze Mëttelmierraum a bis an Indien verbreet. Méi spéit ass en duerch d'Réimer och nërdlech vun den Alpen agefouert ginn.
De gedréchente Som vum Käicher gëtt am Waasser opgeweecht an da gekacht. Duerno komme s'entweeder a Plate wéi Couscous, Tajine oder Cocido Madrilleno. Se kënnen awer och püréiert ginn - dat gëtt dann Humus genannt - oder graff gemuel, als Falafel (frittéiert kleng Bullen) verschafft ginn. De Som kann awer och einfach geréischtert gi wéi Nëss, oder zu Miel gemuel an da gebak.
Indien ass haut den Haaptliwwerant vu Käicher, duerno kënnt Pakistan an d'Tierkei.
Land | Produktioun (Tonnen/Joer) | Informatioun |
---|---|---|
Indien | 5 970 000 | |
Pakistan | 842 000 | |
Tierkei | 523 000 | |
Australien | 313 000 | |
Iran | 310 000 | Geschat |
Myanmar | 225 000 | Geschat |
Kanada | 215 000 | |
Ethiopien | 190 000 | Geschat |
Mexiko | 165 000 | Geschat |
Irak | 85 000 | Geschat |
Welt | ≈ 9 000 000 |
Commons: Cicer arietinum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Käicher, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.