Eng Kryptowärung ass eng digital Wärung ouni zentral Reguléierungsautoritéit, déi kryptografesch Methode benotzt, fir Transaktiounen ze garantéieren.
Kryptowärungen ersetzen eng zentral Reguléierungsautoritéit duerch ee verdeelte Konsens. Op Grondlag vun deem Konsens ginn Transaktiounen duerchgefouert. De Konsens gëtt duerch d'Generéiere vu Blockchains iwwer e Peer-to-Peer-Netzwierk erreecht. Wéi a wéini neit Geld am System derbäikënnt, gëtt bei der Grënnung vun der Wärung festgeluecht, am Géigesaz zu enger konventioneller Wärung, bei där eng Zentralbank am Optrag vun der Regierung Geld dréckt.
D'Verifikatioun vun enger Transaktioun iwwerhuelen d'Computeren am Netzwierk. Fir eng gëlteg Transaktioune kënnen ze maache, muss een de passende, geheime Signaturschlëssel hunn. Domat kann een dann och Zougank op d'Verméigen hunn. De Schlëssel gëtt an engem digitale Portmonni (engem "Wallet") gespäichert.
Generell ginn d'Kryptowärungen anonym benotzt, an d'Empfänger vun Transaktiounen duerch eng abstrakt Adress (eng Aart Kontosnummer) representéiert. Sougenannt "Miner" (Minnenaarbechter) iwwerwaachen a verbuchen déi Transaktiounen. Si stellen hir Computerleeschtung zur Verfügung, a kafe sech domat d'Recht fir nei Bléck ze bilden an domat de Blockchain ze verlängeren. Fir deen Effort gi si mat Wärungseenheeten belount.
Weltwäit ginn et iwwer dausend Kryptowärungen, vun deene Bitcoin déi wäitverbreetst ass.
Rechtlech gesinn hu Kryptowärunge net de Statut vun enger Wärung, ausser an El Salvador, wou Bitcoin 2021 zur offizieller Wärung erkläert gouf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kryptowärung, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.