De Krater vun Derweze (oder Darvaza) ass an der Karakum-Wüst no bei der Uertschaft Derweze (Darvaza) an Turkmenistan.
En ass 1971 bei der sich no Methan-Gas entstanen, wéi eng Buerplattform an eng Hiel gefall ass. Fir de gëftege Gas, deen erauskoum, onschiedlech ze maachen, gouf en ugestach. Et gouf ugeholl, datt de Gas no e puer Deeg all verbrannt wier. Ma duerch ëmmer neie Gas, deen nokënnt, steet de Krater zënterhier bis haut a Flamen, a krut dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll.
De President vun Turkmenistan Gurbanguly Berdimuhamedow huet am Abrëll 2010 d'Lach besicht an den Uerder ginn, et misst zougemaach oder soss eppes ënnerholl ginn, fir datt d'Erdgasfelder an der Géigend net ze leiden hätten
Commons: Krater vun Derweze – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Krater vun Derweze, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.