Eng Kapëttchen (och Kondom, Preservativ oder Gummi), vum fr.: capote, ass e Verhiddungsmëttel a Form vun enger Zort dënner Tiitchen aus vulkaniséiertem Kautschuk (Latex), déi de Mann virum Geschlechtsverkéier iwwer den erigéierte Penis strëppt haaptsächlech mam Zil, säi Sperma opzefänken a sou ze verhënneren, datt d'Fra schwanger kéint ginn.
Ausserdeem schützte Kappëttercher géint sexuell iwwerdrobar Krankheeten a kënnen dozou déngen, de Geschlechtsverkéier méi agreabel ze maachen (doduerch, datt se mat enger glëtscheger Substanz impregnéiert sinn, e besonnesche Goût oder eng speziell Form hunn, asw.).
Fréier ware Kapëttercher aus Schofsdäerm. Nodeem den Charles Goodyear 1839 d'Vulkaniséierung vum Kautschuk erfonnt hat, a sou Gummi produzéiert konnt ginn, huet hien och 1855 déi éischt Kapëttchen aus Gummi fabrizéiert, déi dann 1870 a Serie produzéiert gouf.
Hautdesdaags gi se meeschtens aus Naturkautschuk-Latex, Polyethylen (PE), Polyurethan (PUR) oder Polyisopren produzéiert.
Commons: Kapëttecher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kapëttchen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.