D'Kakuett (Arachis hypogaea), och Afennoss genannt ass eng Planz aus Famill vun de Scheekefriichten.
Si blitt haaptsächlech a Südamerika, den Tropen an an de Subtropen.
Kakuetten | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Fabales |
Famill | Scheekefriichten |
Gattung | Arachis |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Arachis hypogaea | |
Linnaeus. |
D'Kakuett entsteet aus engem giele Kraut dat ee Joer laang blitt. Nodeem et verblitt ass, entsteet eng längelzeg, gekrëmmt Fruucht, déi sech an de Buedem erandréckt. Do gëtt de Som zeideg, an der Reegel zwéi pro Scheekefruucht.
Kakuette kann ee mat Zocker, Salz oder geréischtert iessen. Et gëtt ausserdeem Kakuettenueleg a Kakuettebotter doraus gemaach.
Den Ueleg vun den Nosskären huet vill essentiell Fettsaieren, wéi z. B. d'Linolsaier. Si enthalen ausserdeem vill Vitaminnen, wéi de Vitaminn E, Biotin, Kalium a Magnesium.
D'Kakuetten hunn allerdéngs den Nodeel, datt si vill Liewensmëttelallergië kënnen ausléisen.
Commons: Kakuett – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kakuett, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.