Kópavogur ass eng Gemeng vu Reykjavík, a mat 30.000 Awunner déi zweetgréisst Stad vun Island.
Kópavogur | |
---|---|
Land | Island |
Regioun: | Höfuðborgarsvæði |
Koordinaten: | 64°07′N 21°46′W |
Fläch: | 83.72 km² |
Awunner: | 28.561 (2007) |
Bevëlkerungsdicht: | 330,85 / km² |
Héicht: | 0 m |
Buergermeeschter: | Gunnar I. Birgisson |
Kópavogur läit am Süde vu Reykjavík. Et ass eng gréisstendeels residentiell Gemeng an der Regioun Höfuðborgarsvæði, der Haaptstadgéigend vu Reykjavík.
Kópavogur heescht iwwersat Puppelche vun engem Séihond. Um Wope gesäit een dëst Symbol ënner der Kierch vu Kópavógur (Kópavógskirkja).
De gréissten Unhaltspunkt vu Kópavogur ass eng Kierch, d'Kópavógskirkja, déi 1968 hir Dieren opgemaach huet. Si steet um Borgarholt-Hiwwel, net wäit ewech vum Zentrum vun der Stad an de Muséeën. Och eng Schwämm ass nobäi. Am Zentrum vu Kópavogur gëtt et eng sëllege Geschäfter. An der Stad steet och eng Statu vun der Gerður Helgadóttir, Gegnumstreymi.
Commons: Kópavogur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kópavogur, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.